Questions parlementaires

Ass sech d’Regierung bewosst, datt eenzel, virun allem eeler Bauerebetriber just ee Stroumzieler hunn an dowéinst net an de Genoss vun der Energieprimm kommen, och wann de private Verbrauch am Haus ënnert der Limite vu 25.000 kWh am Joer läit?

Hält den Ëmweltministère um Projet fest, fir aus dem Antoniushaff ee regionalen Zenter vun der ANF ze maachen?

Ass den Här Minister fir sozial Sécherheet der Meenung, dass d’CNS richteg outilléiert ass, fir de System vum tiers payant ze erweideren?

Wéi vill Studenten hu fir dat kommend Studiejoer eng „Demande d’admission“ fir de „Bachelor en Sciences de l’Education“ (BScE) a fir de „Bachelor en Formation Pédagogique“ (BFP) gemaach?

Wëssend, dass mir wéinst der Liewensmëttelsouveränitéit an der Liewensmëttelversuergung e Schluechthaus zu Lëtzebuerg brauchen, wei gedenkt Regierung den Erhalt vum leschte Schluechthaus zu Lëtzebuerg laangfristeg ofzesécheren?

Wéi wëll de Minister den Ausbau vun den Netzinfrastrukturen besser viru bréngen fir dass an Zukunft méi einfach PV-Anlagen uechtert d’Land ouni gréisser Limitatioun an Upassungen (z.B. duerch en Traffo op Käschten vum Aspeiser vun der Energie) un d’Netz kënne goen?

Wat fir eng europäesch Reglementatioun gesäit fir, datt och Betriber, déi net biologesch schaffen, déi europäesch Bio-Norme beim Bau vu Ställ mussen erfëllen?

Soll de Réseau vun internationale Schoule weider ausgebaut ginn ?

Gréng Vertriederin annoncéiert um Radio ee Plus vu 900 Polizisten zanter 2020. Kann de Minister déi Zuele confirméieren an erklären ?

Historesch Strof fir Meta (Facebook) an Irland. Sinn och Lëtzebuerger vum Transfert vun hiren Donnéeën an d’USA betraff ? Wéi gesäit et mat engem Accord EU-USA wéinst dem Transfert vun Donnéeën aus ?