Dateschutzerklärung

Allgemeng

D’Internetsiten csv.lu a wahlen2023.csv.lu stinn am Sënn vun der Europäescher Dateschutz-Grondveruerdnung, ënnert der Responsabilitéit vun der CSV, der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei. Fir d’Erhiewen an Notze vun den Donnéeë bezéie mir eis op a beuechten Art 6. Abs.1 lit. A vun der EU-Datenschutzveruerdnung.

D’Site sinn an engem Datenzenter zu Lëtzebuerg hebergéiert an den Zougrëff op d’Site geschitt iwwer eng mat SSL geséchert Connectioun (dorun ze erkennen dass d’Adress mat “https” ufänkt).

Donnéeën, déi erfaasst ginn

Persounebezunnen Donnéeën erfaasse mir nëmmen dann, wann Dir ausdrécklech Är Zoustëmmung gitt. Dat ass jee no Notzung vun de Site ënnerschiddlech:

  • Wann Dir Member gitt an de Memberformular ausfëllt, ginn Är perséinlech Donnéeë fir intern Zwecker an der Partei, fir d‘Membergestioun, -informatioun a –betreiung elektronesch gespäichert, veraarbecht a genotzt. An deem Kader kritt Dir och eng individuell Membersnummer zougeuerdent. Dir kritt a reegelméissegen Ofstänn vun der Partei Informatioune per Post an E-Mail. D‘Donneeë gi vum CSV-Generalsekretariat traitéiert. Och déi Responsabel (President, Sekretär, Tresorier, respektiv de Verantwortleche fir nei Memberen) vun den Ënnerorganisatiounen, wou Dir Member sidd, a vun der Lokalsektioun, wou Dir Member sidd, kréien Äre Parteibäitrëtt an Donnéeë matgedeelt a kënnen dës am Kader vun hire Mandater an hirer Parteiaarbecht notzen. Fir d’Exekutioun vu verschidde ganz präzise Missiounen am Kader vun der Aarbecht vum Generalsekretariat an ënnert der Konditioun, datt eng Confidentialitéitserklärung tëschent der Partei an dëse Sous-traitants besteet, kënnen Donnéeën un dës Drëtter (Sous-traitants) weidergi ginn. No Beendegung vun der Memberschaft ginn Är Memberdonnéeë geläscht.
  • Wann Dir eis iwwert de Kontaktformular oder per Email kontaktéiert, ginn Är respektiv Donnéeë gespäichert fir Är Ufro och beäntweren ze kënnen. D’Weiderginn un Drëtter fënnt grondsätzlech net statt, sief et mir sinn duerch de gesetzleche Kader dozou verflicht.

Wann Dir eis Internetsitte besicht, ass ze berécksiichtegen:

Späicherung vun IP-Adressen

Aus Grënn vun der Datesécherheet, ginn anonymiséiert IP-Adressë vun de Visiteure fir e limitéierten Zäitraum gespäichert. Gespäichert gëtt wéi eng Adressen zu wéi enger Zäit a vu wéi enger IP-Adress opgeruff gi sinn. Dës Date gi fir zwou Woche gespäichert a just d’Personal, dat sech ëm d’Gestioun vum Server këmmert, kann drop zougräifen. Duerno ginn se nach dräi Méint verschlësselt a Form vu Backups archivéiert.

Transfert vun Donnéeën

D’Sitte benotze verschidden extern Servicer. Aus technesche Grënn gëtt dee Moment d’IP-Adress un dee jeeweilege Service iwwerdroen. Et sinn dëst:

  • YouTube vu Google fir Videoen
  • TypeKit vun Adobe fir Schrëften
  • Google Fonts vu Google fir Schrëften

Cookies

D’Sitten csv.lu a wahlen2023.csv.lu benotze Cookies fir statistesch Zwecker a fir perséinlech Preferenzen ze späicheren (beispillsweis déi zulescht ausgewielte Sprooch). Zousätzlech gëtt e Cookie ugeluecht, esoubal ee versicht sech anzeloggen.

D’Videoen, déi iwwer YouTube geluede ginn, setzen och Cookies. Mir benotzen eng Versioun vu YouTube mat méi héijem Dateschutz. Dës setzt zwar och Cookies, mee dës gi laut Google net fir Tracking-Zwecker gebraucht. Méi Informatiounen iwwer de “Privacy enhanced mode” bei Google: https://support.google.com/youtube/answer/171780

Social Media Plugins

Wann een op csv.lu op e Button mam Text “Share” oder “Tweet” klickt, geet eng nei Fënster op bei Facebook respektiv Twitter. Dee Moment kréie Facebook oder Twitter mat, vu wéi engem Site dass ee bei si kënnt. Wann een net op déi Knäppecher klickt, gi keng Daten un dës Sozial Netzwierker iwwerdroen.

Linken op extern Internetsitten

Op eiser Internetsäit, fannt Dir Linken op Websitte vun Drëtten, wou mir nom Uklicke keen Afloss dorobber hunn, wéi den Ubidder Är Donnéeë veraarbecht. Fir d’Veraarbechtung vun Drëtten iwwerhuele mir keng Verantwortung.

Är Rechter

Dir hutt d’Recht gewuer ze ginn, wéi eng Donnéeën d’CSV vun Iech huet a firwat a kënnt d’Erlaabnis fir d’Notze vun Ären Donnéeën zu all Moment widderruffen. Esou stinn Iech d’Recht op Auskonft, Verbesseren, Läschen, Aschränkung, Dateportabilitéit, Widderruff a Widdersproch zou.

Am Fall, wou Dir der Meenung sidd, datt beim Notze vun Ären Donnéeë géint Dateschutzrecht verstouss gëtt, kënnt Dir d‘CNPD (Commission nationale pour la protection des données) kontaktéieren.

D’CSV-Generalsekretariat kënnt Dir erreechen ënnert:

CSV-Generalsekretariat, 4, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg / B.P. 826 Luxembourg / Tel: 225731-1 / [email protected]

Eisen Dateschutzbeoptragten erreecht Dir ënner: [email protected] / 225731-1

V1.0