Meng CSV

Dëse Beräich ass fir eis Membere geduecht a soll am Laf vun der Zäit ëmmer weider ausgebaut ginn. Wat kënnt Dir momentan hei fannen?

  • Mellt Iech: Äert Wëssen zielt! – Dir kennt Iech duerch Äre Beruff, Är fräiwëlleg Engagementer oder Är Interessen a spezifeschen Themegebitter besonnesch gutt aus? Dir sidd bereet Iech mat Ärem Wëssen an Äre Kompetenzen an der Partei anzebréngen? Da sot eis hei Bescheed.
  • App: An der CSV-App fannt Dir déi aktuellsten Noriichten iwwer d’Partei, eis Deputéiert an eis Aktivitéiten.
  • Formatiounen: D’Partei bidd de Membere regelméisseg nees nei Formatiounen un. Hei fannt Dir den aktuelle Formatiounsprogramm an all Informatioune fir Iech unzemellen.
  • Donnéeën änneren: Virun allem, fir, datt Äre Courrier an all wichteg Informatiounen Iech weiderhin areechen, kënnt Dir hei Är Memberdonnéen aktualiséieren, wann et Ännerunge gouf (Adress / Emailadress / Telefonsnummer / berufflech Situatioun …).
  • Cotisatioun: Hei kritt Dir déi néideg Informatioune rondrëm de Joeresbäitrag an Dir kënnt Är Membercotisatioun och online bezuelen.
  • Downloadzenter: Déi Verantwortlech vun de Bezierker, Sektiounen an Ënnerorganisatioune kënnen sech hei mat den Donnéeën, déi se geschéckt kruten, an den Downloadzenter aloggen.