Wéi wëll de Minister den Ausbau vun den Netzinfrastrukturen besser viru bréngen fir dass an Zukunft méi einfach PV-Anlagen uechtert d’Land ouni gréisser Limitatioun an Upassungen (z.B. duerch en Traffo op Käschten vum Aspeiser vun der Energie) un d’Netz kënne goen?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu Photovoltaïque-Anlagen un den Här Energieminister weider ze leeden.

An de leschten Méint heefen sech d’Fäll, dass Projet’en mat gréissere PV-Anlagen, sief et op groussen Diecher vun ëffentleche Gebaier oder op Halen vun Bauerenhäff, net kënnen realiséiert ginn. D’Begrënnung vun der CREOS ass oftmools, dat di lokal Netzinfrastrukturen et net hier ginn esou vill Stroum an d’Netz kënnen ze speisen. Am Kontext vun der grousser Erausfuerderung vun der Energietransitioun, si mir awer zwéngend op di erneierbar Energien ugewisen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un de Minister stellen:

  • Ass sech de Minister dëser Problematik bewosst?
  • Wat gesäit de Minister vir fir dëser Problematik kuerz-, mëttel-, a laangfristeg entgéint ze wierken?
  • Wéi wëll de Minister den Ausbau vun den Netzinfrastrukturen besser viru bréngen fir dass an Zukunft méi einfach PV-Anlagen uechtert d’Land ouni gréisser Limitatioun an Upassungen (z.B. duerch en Traffo op Käschten vum Aspeiser vun der Energie) un d’Netz kënne goen?

 

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel

Deputéierten

 

Paul Galles

Deputéierten

 

 

Zréck