Gemengeréit an der CSV

Zënter Dezember 2023 ass d’Mélanie Grün Presidentin vun der CSG.

D’CSV-Kandidaten an d’CSV-Kandidatinnen, déi bei Gemengewahlen d’Faarwe vun der CSV vertrieden, sinn alleguer Member vun de Chrëschtlech-Soziale Gemengeréit (CSG).

D’Haaptaufgabe vun der Ënnerorganisatioun konzentréieren sech op déi verschidde kommunalpolitesch an deemno och innepolitesch Dossieren a Froen. Et geet och drëm d’Aufgaben an d’Politike vun de CSV-Gemengepolitiker an d’Aarbechten an de Gemengen ze koordinéieren. Dofir organiséiert de CSG-Nationalcomité, dee laut Statuten um Kongress gewielt gëtt, regelméisseg Informatiounsowenter an aner Bildungsaktivitéiten, déi direkt an indirekt mat Gemengepolitik zesummen hänken.

De Kongress wielt de Präsident an de Nationalsekretär ewéi och déi eenzel Delegéiert aus de Bezierker. De CSG-Kongress huet am Kader vun de Gemengewahlen d’Aufgab e Rahmenprogramm ze erstellen, deen den eenzelne CSV-Sektioun soll eng Hëllef an Ënnerstëtzung sinn fir hire Programm opzestellen.

Dir wëllt méi Informatiounen? Mellt Iech ënner [email protected]

Publikatiounen

Gemengewalen 2023 – Programmelementer

Mat de Programmelementer gëtt d’CSV de Sektiounen een Aarbechtsdokument mat op de Wee, fir hinne bei der Opstellung vun de lokale Programmer ze hëllefen.

Eroflueden
CSG-Rahmeprogramm 2017

D’CSV-Gemengeréit (CSG) hunn sech an hirem Programm siwen Haaptziler a Prioritéite fir déi nächst sechs Joere (2017-2023) ginn. Mam Rahmeprogramm gëtt d’CSG de CSV-Sektiounen een Aarbechtsdokument mat op de Wee, fir hinne bei der Opstellung vun de lokale Programmer ze hëllefen.

Eroflueden