Wat fir eng europäesch Reglementatioun gesäit fir, datt och Betriber, déi net biologesch schaffen, déi europäesch Bio-Norme beim Bau vu Ställ mussen erfëllen?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Den Här Minister sot an der Reunioun vun der Agrarkommissioun vum 28. Abrëll sënngeméiss, datt laut der europäescher Reglementatioun an Zukunft Ställ just nach dierften no der Bio-Norm gebaut ginn. An deem Zesummenhang wëll ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen:

  • Wat fir eng europäesch Reglementatioun gesäit fir, datt och Betriber, déi net biologesch schaffen, déi europäesch Bio-Norme beim Bau vu Ställ mussen erfëllen?
  • Kann de Minister eis dës Reglementatioun zur Verfügung stellen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

  

 

Martine Hansen, Deputéiert

Zréck