Wéi mir schaffen

Den Opbau vun eiser Partei erméiglecht eng Politik, déi enger Vollekspartei gerecht gëtt: eng Politik, wou sech am Virfeld méiglechst vill Mënschen abrénge kënnen, wou och déi ënnerschiddlech a spezifesch Uleies – lokal a regional, vun Al a Jonk, vu Fraen a Männer, vu Lëtzebuerger a Netlëtzebuerger, … – zesummefannen. D’Zil ass et, datt méiglechst vill Memberen sech engagéieren an abrénge kënnen.
OrganigrammouniEnnerorgaen

D’CSV funktionéiert op dräi Niveauen: de lokalen Niveau, no beim Bierger, vun den iwwer 100 Sektiounen, de regionalen Niveau vun de véier Wahlbezierker an den nationalen Niveau.

Um nationalen Niveau ass et op der enger Säit d’Partei, déi inhaltlech an organisatoresch Impulser gëtt. Op der aner Säit ass et d’Fraktioun vun de Deputéierten, déi fir déi parlamentaresch Aarbecht zoustänneg ass. Fir datt alles koordinéiert ofleeft sinn an den nationale Gremien, ewéi de Nationalcomité oder de Nationalrot, dofir och Vertrieder vun der Fraktioun, awer och d’Europadeputéiert matagebonnen.

D’CSV-Generalsekretariat koordinéiert déi ganz administrativ an Ëffentlechkeetsaarbecht vun de Parteistrukturen. D’Generalsekretariat ass an der Reegel och d’Kontaktstell fir all Ufroen un déi national Partei (fir Froen iwwert d’parlamentaresch Aarbecht ass d’Sekretariat vun der Fraktioun zoustänneg).

Nieft de CSV-Strukturen ginn et d’Basisorganisatiounen, déi Jonk an der CSV (CSJ), d’Fraen (CSF), d’CSV-Gemengeréit (CSG), d’CSV-Senioren an d’CSV International, déi autonom schaffen.

bandeau-logos

De Fonctionnement vun der Partei ass duerch d’Statute gereegelt.

Publikatiounen

Statuten

D’Statute reegelen de Fonctionnement vun der Partei (z.B. wéi een Organ fir wéi eng Entscheedungen zoustänneg ass oder wéi e Member sech kann abréngen). D’CSV-Statuten goufen am Kader vun engem Ausseruerdentlechen Nationalkongress den 11. Juni 2022 ugeholl.

DE (PDF)