Ass sech d’Regierung bewosst, datt eenzel, virun allem eeler Bauerebetriber just ee Stroumzieler hunn an dowéinst net an de Genoss vun der Energieprimm kommen, och wann de private Verbrauch am Haus ënnert der Limite vu 25.000 kWh am Joer läit?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Energieminister an un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Wéinst den héijen Energiepräisser war am Tripartite-Accord vum September 2022 eng staatlech Ënnerstëtzung festgehale ginn, fir d’Leit bei de Stroumkäschten ze entlaaschten. Zanter dem 1. Januar 2023 kréie Stéit, déi manner ewéi 25.000 kWh Stroum am Joer verbrauchen, eng staatlech Bäihëllef. Eng Rei vu Bauerebetriber hunn awer just e Compteur fir d’Wunnhaus a fir d’Ställ zesummen. Doduerch läit hire Gesamtstroumverbrauch meeschtens iwwert der Grenz vu 25.000 kWh am Joer. Well eng getrennten Ofrechnung net méiglech ass, kréien si keng Energieprimm.  An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Energieminister an un den Här Landwirtschaftsminister stellen:

  • Ass sech d’Regierung bewosst, datt eenzel, virun allem eeler Bauerebetriber just ee Stroumzieler hunn an dowéinst net an de Genoss vun der Energieprimm kommen, och wann de private Verbrauch am Haus ënnert der Limite vu 25.000 kWh am Joer läit?
    • Wa jo, ass d’Regierung bereet, eng Léisung ze sichen, fir datt och des Betriber eng Energieprimm kréien, fir déi héich Stroumkäschten ofzefiederen?
    • Wéi kéint esou eng Reegelung ausgesinn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

 

 

Zréck