
D’Martine Hansen ass den 10. Dezember 1965 zu Wolz gebuer a wunnt am Heischtergronn.
D’Martine Hansen ass Mamm vun engem Meedchen.
D’Martine huet d’Première am Dikrecher Kolléisch gemeet an ass duerno op Stuttgart-Hohenheim Agronomie, mat Spezialisatioun op d’sozial- a wirtschaftswëssenschaftlech Aspekter vun der Landwirtschaft, studéiere gaang.
Vun 1993 bis 2006 war d’Martine Hansen Professesch an der Ackerbauschoul zu Ettelbréck, ier si dunn 2006 Direktesch vun där Schoul ginn ass. Parallel huet si 2005 een Fernstudium vun 2 Joer op der Universitéit vu Kaiserslautern gemeet. Als Ofschloss do huet d’Martine Hansen ee Master an der Gestioun vu Schoulen.
Bis 2013 huet d’Martine Hansen sech ni mam Gedanke beschäftegt an déi aktiv Politik ze goen, bis den Telefon vum deemolege Staatsminister Jean-Claude Juncker komm ass. Nieft der Iwwerraschung war et awer och d’Ongewëssheet ob een säi Beruff, deen een esou gär huet soll opgi fir een neien Challenge.
Ween d’Martine kennt, dee weess awer, dass hat Erausfuerderunge gären huet an esou war d’Decisioun, fir déi si souwisou net vill Zäit hat, séier gefall.
Den 30. Abrëll 2013 ass d’Martine Hansen als Ministesch fir Recherche an Héichschoul vereedegt ginn.
Duerch déi virgezunnen Neiwahlen huet d’Martine Hansen am Dezember vum selwechte Joer misse mat der CSV an d’Oppositioun goen. Och do huet d’Martine net laang Zäit gebraucht fir sech op déi nei Roll an ze stellen, a während 5 Joer wichteg Aarbecht, besonnesch an de Beräicher Landwirtschaft an Educatioun geleescht.
D’Martine ass och zanter Februar 2014 Vizepresident vun der CSV an si war vun 2014 bis Enn 2018 Bezierkspresidentin vun der CSV Norden.
Zanter Uganks Dezember 2018 ass d’Martine Hansen als Nofolgerin vum Claude Wiseler, President vun der CSV Fraktioun an der Chamber.