National

Nationalkongress

De CSV-Nationalkongress ass déi héchste Parteiinstanz a kënnt op mannst ee Mol am Joer zesummen. Hien ëmfaasst iwwer 800 Parteimemberen, dorënner ë.a. all national Parteimandatairen. Awer och d’lokal Sektiounen an d’Ënnerorganisatiounen si vertrueden.

Wat sinn seng Aufgaben?

D’Politik bestëmmen: De Nationalkongress leet d’Grondlinne vun der Politik vun der Partei fest. Hien hëlt Resolutiounen a Positiounspabeieren un, déi vun de verschiddene Parteiorganer eragereecht kënne ginn.

D’Persoune wielen: Et ass hien, den iwwert déi wichteg personell Froen entscheed. Esou ginn um Nationalkongress ënner anerem de Parteipresident an de Generalsekretär an engem geheime Vote vun den Nationaldelegéiert gewielt.

D’Aarbecht bewäerten: De Nationalkongress kritt d’Rapporte vun de verschiddene Parteiorganer virgeluecht. Virun allem lauschtert hien de Bilan vum Generalsekretariat an der CSV-Fraktioun. Awer och de Rapport iwwert d’Gestioun vun de Parteifinanze gëtt him presentéiert.

De Fonctionnement festleeën: Just um Nationalkongress kënnen d’Statute vun der Partei geännert ginn.

Iwwert d’Virschléi vum Nationalrot ofstëmmen: Den Nationalrot stëmmt no de Wahlen iwwert de Koalitiounsprogramm an d’CSV-Regierungsequipe of. Dës Entscheedung muss awer vum Nationalkongress guttgeheescht ginn.

Nationalkonvent

(Fotoen: Wahlkonvent 2013)

Fir besonnesch Entscheedungen, ewéi déi iwwert den nationale Spëtzekandidat oder iwwert d’Lëschte fir d’Chamberwahlen, kann d’Partei en Nationalkonvent aberuffen. De Konvent setzt sech aus allen Delegéierten zesummen, esouwuel déi vum Bezierk, ewéi déi national. Dëst sinn ëm 1800 Memberen.

Nationalrot

(Fotoen: Nationalrot vum 12. November 2017)

De Nationalrot ass e Kontroll- a Berodungsorgan vun der Partei a gëtt op mannst zwee Mol am Joer zesummegeruff.

Hien ëmfaasst ëm déi 160 Parteimemberen. Sou begräift de CSV-Nationalrot de Nationalcomité, d’Bezierkscomitéen an d’Deputéiert vun der CSV. Am Nationalrot sinn awer och d’Ënnerorganisatioune vertrueden.

Wat sinn seng Aufgaben?

D’Aarbecht kontrolléieren: De Nationalrot kontrolléiert, ob d’Parteistatuten, déi grouss programmatesch Grondlinnen an d’Entscheedunge vum Nationalkongress an der alldeeglecher Parteiaarbecht och respektéiert goufen. Dofir muss de Nationalcomité an d’Fraktioun de Nationalrot op mannst ee Mol am Joer iwwert hir Aarbechten informéieren.

De Nationalcomité beroden: De Nationalrot gëtt aberuff fir iwwer entscheedend Froen a konkret Projete vun der lëtzebuerger an europäescher Politik ze diskutéieren (z.B. iwwert d’Gesetz zur Reform vum enseignement secondaire). Esou gëtt garantéiert, datt déi verschidde Parteiorganer och kuerzfristeg zu wichtegen a ganz konkrete Froen Stellung huele kënnen an hir Meenung an d’Positioun vum Nationalcomité afléisse kann.

Eng ganz wichteg Roll spillt de Nationalrot am Wahljoer:

Virun de Wahlen: De Nationalrot hëlt de Wahlprogramm fir déi national a fir d’Europawahlen un.

No de Wahlen: Den Nationalrot entscheed, ob d’CSV a Koalitiounsverhandlungen trëtt oder net. Och bestëmmt en déi prinzipiell Orientéierunge vun de Verhandlungen an d’Zesummesetzung vun der Verhandlungsdelegatioun.

No de Koalitiounsverhandlungen: Den Nationalrot stëmmt iwwert de Koalitiounsprogramm an iwwert d’Zesummesetzung vun der CSV-Regierungsequipe of. Dës Entscheedung muss spéider awer nach vum Nationalkongress bestätegt ginn. De Nationalrot kennt och an d’Spill, wann an der Legislaturperiod d’CSV-Regierungsequipe wiesselt, z.B. am Fall, wou e neie Minister muss bestëmmt ginn.

Nationalcomité

De CSV-Nationalcomité ass d’Entscheedungsorgan vun der Partei am politeschen Alldag a kënnt op mannst all 6 Wochen ee Mol zesummen.

De CSV-Nationalcomité setzt sech aus de Presidente vun de Bezierkscomitéen a vun den Ënnerorganisatiounen, aus Vertrieder vun der CSV-Fraktioun an dem Europaparlament zesummen. Dobäi kommen aacht Nationaldelegéiert, déi um Kongress an de Nationalcomité gewielt goufen. Am Moment besteet de CSV-Nationalcomité aus dëse Leit.

Wat sinn seng Aufgaben?

D’Parteipositioune festleeën: Op der Grondlag vun de Parteigrondsätz, vum Wahlprogramm a vun de Beschlëss vu Nationalkongress a Nationalrot, entscheet de Nationalcomité iwwert d’Politik, déi d’CSV am Alldag mécht.

D’lafend Geschäfter ofhalen: D’Exekutiv vum Nationalcomité këmmert sech ëm di administrativ Routineaarbechte vun der Partei an informéiert de Nationalcomité doriwwer.

D’Wahllëschte guttheeschen: De Nationalcomité stëmmt bei de Nationalwahlen iwwert d’Wahllëschten, déi d’Bezierker festgeluecht hunn, of a bestëmmt d’Kandidate fir op d’Europalëscht.

Erweiderte Nationalcomité

Fir sech tëschent Nationalcomité a Fraktioun besser ofzestëmmen ass et méiglech, datt en erweiderte Nationalcomité aberuff gëtt. Hei sinn dann nieft de Membere vum Nationalcomité sämtlech Deputéierten invitéiert. D’Beschlëss vum erweiderte Nationalcomité sinn esouwuel fir de Nationalcomité, ewéi och fir d’Fraktioun bindend.

Publikatiounen

Statuten

D’Statute reegelen de Fonctionnement vun der Partei (z.B. wéi een Organ fir wéi eng Entscheedungen zoustänneg ass oder wéi e Member sech kann abréngen). D’CSV-Statuten goufen am Kader vun engem Ausseruerdentlechen Nationalkongress den 11. Juni 2022 ugeholl.

DE (PDF)