CSV-Generalsekretariat

D’Generalsekretariat koordinéiert d’Aarbecht vun de Parteistrukturen. D’Wahlcampagne, d’Organisatioun vum Nationalkongress, d’Publikatiounen, d’Betreiung vun de CSV-Memberen an hire Sektiounen, d’Preparatioun vu Pressecommuniquéen, d’Asetze vu Reflexiounskreesser an d’Organisatioun vu Bildungscoursen, Foren an Diskussiounsowenter sinn nëmmen a puer Beispiller vun den Aktivitéiten vum CSV-Generalsekretariat.

Et schafft ënnert der Responsabilitéit vun de  Parteipresidenten Elisabeth Margue an Claude Wiseler an de Generalsekretäre Christophe Hansen an Stéphanie Weydert. Si kréien an hirer Aarbecht vun der Vizepresidentin Anne Logelin  a dem Vizepresident Paul Galles, an dem Generaltresorier Thierry Schuman gehollef.

Verantwortlech fir d’Aarbecht am Generalsekretariat