CSV International

D’CSV International (CSi) ass eng Ënnerorganisatioun vun der CSV, déi besonnesch déi Membere regroupéiert, déi net onbedéngt Letzebuergësch verstinn. Dëst ass a ville Parteigremie néideg.

Eis Memberen sinn d’Fundament

Als Member vun der CSi ass een Deel vun enger staarker Gemeinschaft, déi dru schafft d’Integratioun, besonnesch och an der Politik, ze vereinfachen, ewéi och d’Solidaritéit an den Engagement vun all de Communautéiten zu Lëtzebuerg ze fërderen.

D’CSi-Membre kënnen sech natierlech och an all aner Strukture vun der CSV engagéieren. Esou ass d’CSV International eng Plattform, déi déi aner Leeschtungen an Aktivitéiten, déi d’CSV hire Memberen schonns ubitt, weider ergänzt.

D‘CSi ass entschloss d’Präsenz vun den Net-Lëtzebuerger Memberen an de verschidden Entscheedungsstrukturen an an de Gremien vun der CSV ze stäerken. Dofir setzt se sech dofir an, datt hier Memberen verstäerkt duerch verschidde Projeten oder Initiativen an der Partei matagebonn ginn.

Plattform fir e kulturellen Austausch

Fir de kulturellen Austausch tëschent Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger zu fërderen, beméiht d‘CSi sech ëm:

  • Treffe mat de Lëtzebuerger Verbänn an Associatiounen.
  • Visite vu wichtegen Institutiounen am Land (dorënner och déi europäesch an international).
  • Organisatioun vun Debatten iwwert d‘Integration vun Net-Lëtzebuerger an der Gesellschaft (op nationalem a lokale Plang).
  • Ënnerstëtzung vun de Parteisektiounen fir d’Abanne vun den Net-Lëtzebuerger Membren ze stäerken an d’Sproochebarrière ze iwwerwannen.

Dir wëllt méi Informatiounen? Mellt Iech ënner [email protected]