Jonker an der CSV

D’CSJ regroupéiert déi Jonk aus der CSV. Mat 900 Memberen ass et déi gréisste Jugendpartei am Land. Déi Jonk schaffen autonom vun der Mammepartei a vertrieden hir eege Meenung no bannen, ewéi no baussen. Firwat steet eng CSJ? Wat maache mir Jonker?

Nei Iddië An der Chrëschtlech-Sozialer Jugend, der CSJ, kanns du mat anere Jonken Ideeën austauschen, zesumme Léisunge fannen a fir hir Ëmsetzung kämpfen. Nokucke geet eis net duer! Mir wëllen eis Zukunft selwer matbestëmmen. Dofir ass et eis Ziel, fir eege Fuerderungen an Zukunftsvisioune mat an de politeschen Alldag afléissen ze loossen an esou d’Interessie vun deene Jonken ze vertrieden. Als gréisst politesch Jugendorganisatioun hu mir d’Méiglechkeet Themen unzepaken, virun deenen d’CSV nach zéckt, déi awer muer scho Realitéit kënne ginn. Et ass dofir wichteg, datt Jonker regelméisseg fir frësch Loft an eiser Partei suergen. Well nëmmen duerch eng staark CSJ bleift d’CSV eng dynamesch Vollekspartei, an der jiddwer Eenzelen zielt – och déi Jonk!
Eis Geschicht Zënter der Grënnung am Dezember 1953, huet d’CSJ ëmmer nees bewisen, datt si bei decisive Froe matdiskutéiere wëll a kann. Besonnesch houfreg si mir als chrëschtlech-sozial Jugend esou grouss politesch Perséinlechkeeten ewéi zum Beispill de Jean Spautz, an natierlech de Jean-Claude Juncker, ënnert eise CSJ-Virgänger zielen ze kënnen. Grad ewéi si, hu mir den Usproch eis Politik um chrëschtlech-humanistesche Mënschebild a senge Prinzipie vun der Solidaritéit, der sozialer Gerechtegkeet an der Subsidiaritéit ze orientéieren.
Eis Wäerter D’CSJ steet zum “C” an zum “S” an hirem Numm, an dëst net nëmmen aus Traditioun, mä well mir och haut nach fest vun der Wichtegkeet vun deene Wäerter iwwerzeegt sinn. De Mënsch muss och an Zukunft am Mëttelpunkt vun all staatlecher Organisatioun stoen. Seng Dignitéit ass a bleift fir eis dat aller Wichtegst. Fir eis huet jiddwereen d’Recht säi Liewe fräi ze gestalten a sech selwer ze verwierklechen. De Mënsch ka säi ganzt Potential awer nëmme bannent enger Gemeinschaft entwéckelen. Dofir huet jiddwer Eenzele vun eis net nëmmen eng Verantwortung fir sech, mä och fir seng Matmënschen ze droen. Ouni dës sozial Verantwortung an dat soziaalt Engagement vun hire Membere ka keng fräi Gesellschaft laang bestoen.

D’CSJ ass awer kee kathoulesche Kiercheveräin. Mir maache keng Politik vu Chrëschte fir Chrëschten, mä eng chrëschtlech-sozial inspiréiert Politik, déi fir all eis Matmënschen do ass. Jiddwereen, dee sech mat eise Grondsätz identifizéiere kann, ass an der CSJ häerzlech wëllkomm, ob gleeweg Leit vun alle Reliounen oder Netgleeweger, ob Lëtzebuerger oder Net-Lëtzebuerger. Dës Diversitéit ass grad eng vun de grousse Stäerkte vun eiser Organisatioun, a gëtt dobäi der CSV hirem Usprooch eng Vollekspartei ze sinn, gerecht.

Spaass hunn Politik matgestalten ass sécher haart Aarbecht, mä mécht an enger dynamescher Equipe vu Jonken och Spaass. Esou kriss du an der CSJ d’Méiglechkeet fir vill aner Jonker vu Lëtzebuerg an aus eisen europäesche Partnerlänner kennenzeléiren. D’CSJler sinn nämlech op de verschiddensten Niveauen aktiv, sief et an de Gemengen, de Sektiounen a Bezierker, um nationalen oder internationale Plang. Ausserdeem offréiert d’CSJ senge Memberen zu deenen ënnerschiddlechste politeschen Theme Bildungscoursën an Aarbechtsgruppen. Niewent dëser politescher Funktioun gehéieren zur CSJ och kulturell a sportlech Fräizäitaktivitéiten, d’Feieren an natierlech de gemittleche Pätschen ënner Kolleginnen a Kollegen, dozou.

Galerie