Hält den Ëmweltministère um Projet fest, fir aus dem Antoniushaff ee regionalen Zenter vun der ANF ze maachen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.

An der parlamentarescher Fro n°3770 hat ech am Mäerz 2021 den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten gefrot, wéi et mam Antoniushaff an der Gemeng Wëntger géif weidergoen, deen 2 Joer virdrun vum Staat opkaf gouf. An der Äntwert op dës Fro krut ech matgedeelt, dass d’Naturverwaltung (Administration de la nature et des fôrets, ANF) dës Gebaier soll notzen, an dass ee regionalen Zenter vun der ANF op deem Site soll entstoën. Desweideren gouf mer matgedeelt, dass domat gerechent géif ginn, dass mam Bau an den nächsten 1 bis 2 Joer géif ugefaange ginn. Stand haut sinn méi ewéi 2 Joer vergaangen, an um Site ass nach näischt geschitt, ausser dass den Zoustand vun de Gebaier vum Haff sech verschlechtert huet.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung riichten:

  • Hält den Ëmweltministère um Projet fest, fir aus dem Antoniushaff ee regionalen Zenter vun der ANF ze maachen?
  • Falls jo, wou ass dëse Projet drun a wisou ginn et Verspéidungen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktionspresidentin

Zréck