Gréng Vertriederin annoncéiert um Radio ee Plus vu 900 Polizisten zanter 2020. Kann de Minister déi Zuele confirméieren an erklären ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

De Sonndeg, 21. Mee 2023, ass et um Radio 100,7 an der Emissioun Kaarten op den Dësch ëm d’Sécherheetssituatioun am Land, an notamment der Stad Lëtzebuerg, gaangen. Eng Vertriederin vun déi Gréng huet dobäi folgend Zuele, zum Effektiv vun der Police an de rezente Rekrutementer, genannt: „30% méi Police ass schonn um Terrain. De Minister Kox huet et fäerdeg bruecht säit 2020, 900 Police Persounen ze engagéiere, dat heescht et ass méi Police um Terrain. Mee Repressioun eleng geet definitiv net duer”.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen:

Kann den Här Minister déi uewe genannten Zuelen an Informatioune confirméieren?
Wéi vill méi Personal ass, an Nettozuelen, y inclus alle méiglech Forme vun Ofgäng, säit 2020 beim Effektiv vun der Police um Terrain dobäi komm? Wéi eng Zomme mëscht dat Stand haut?

De Plan de recrutement fir d’Police, deen am Joer 2019 an Accord‘en mat de Gewerkschafte festgehale ginn ass, gesäit vir, dass bis 2026, 621 méi Polizisten um Terrain solle sinn.

Wéi wëll den Här Minister dës Zuel erreechen?
Ass d’Regierung der Meenung, dass dës Unzuel u Poliziste géif duergoen, fir der aktueller Sécherheetssituatioun am Land gerecht ze ginn?

Här President, mir bieden Iech dës Froen, mat eisem déifste Respekt unzehuelen.

Elisabeth Margue Laurent Mosar
Deputéiert Deputéierten

Zréck