D’CSV-Sektiounen schaffen um Gemengeniveau. Et ass an de Sektiounen, wou e Groussdeel vum Parteiliewen stattfënnt. D’Sektiounen garantéieren, datt d’CSV flächendeckend an alle Gemenge präsent ass. Si sinn och d’Plaz, wou sech am Kader vu Generalversammlungen a soss Manifestatiounen lokal d’Meenungsbildung an der CSV mécht.