Bréifwal Europawalen 2024

Schéckt Är Demande un de Schäfferot an der Gemeng an där Dir ugemellt sidd.
Falls Äre Wunnsëtz am Ausland ass, dann adresséiert Är  Demande entweder un déi Gemeng zu Lëtzebuerg an där Dir fir d’lescht ugemellt waart (gewunnt hutt) oder un d’Gemeng an där Dir gebuer sidd oder un d’Stad Lëtzebuerg.

Maacht Är Demande iwwer  myguichet.lu oder benotzt eise Formulaire (PDF) den Dir mat der Post op déi zoustänneg Gemeng schéckt.

De leschte Delai fir d’Bréifwal unzefroen ass:

  • Dënschdeg, 30. Abrëll wann d’Waldokumenten un eng Adress am Ausland musse verschéckt ginn
  • Mëttwoch, 15. Mee wann d’Waldokumenten un eng Adress zu Lëtzebuerg verschéckt ginn.