Soll de Réseau vun internationale Schoule weider ausgebaut ginn ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Lëtzebuerg huet aktuell sechs sougenannten international Schoulen, déi nom System vun den agreéierten europäesche Schoule fonctionéieren : zu Clierf, Déifferdeng, Jonglënster, Miersch a Mondorf souwéi och an der Stad Lëtzebuerg (Märel).

Mengen Informatiounen no ass de Ministère am Moment amgaang, no Standuerter fir weider international Schoulen ze sichen an huet an deem Kontext scho verschidde Gemengen demarchéiert.

Dowéinst wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Kann den Här Minister confirméieren, dass aktuell no weidere méigleche Standuerter gesicht gëtt ?
    • Wa jo, wéi eng Gemenge ginn dofir an d’A gefaasst ?
  • Ganz allgemeng, soll de Réseau vun internationale Schoule weider ausgebaut ginn ?
    • Wa jo, no wéi enge Krittären ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck