Fraen an der CSV

D’CSF regroupéiert sämtlech Fraen, déi Member an der CSV sinn. Domat representéiert d’CSF haut iwwer 3800 Fraen a stellt e bësse méi, ewéi een Drëttel vun alle Membere vun der CSV (36 Prozent).

Um Nationalkongress am Dezember 2023 huet d’Marthe Scharfe d’CSF Présidence vum Annie Nickels-Theis iwwerholl.

D’CSF ass an hirer Organisatioun, an den Aktivitéiten a Positioune autonom par Rapport zur Partei. Si beschäftegt sech mat alle gesellschaftlechen a politesche Froen, woubäi natierlech déi spezifesch Situatioun vun de Fraen am Mëttelpunkt steet.

Gegrënnt goufen d’chrëschtlech-sozial Fraen de 27. November 1952. Zu enger Zäit deemno, wou d’Roll vun der Fra an der Gesellschaft eng ganz aner war, ewéi haut. An der Politik haten d’Frae wéineg Méiglechkeeten a Chancen sech als gewielte Volleksvertrieder aktiv ze bedeelegen.

Zënter hirer Grënnung setzt d’CSF sech dofir um duebele Plang an. Engersäits fir d’Rechter vun de Fraen, hir spezifesch Uleies an der Gesellschaft a fir d’Gläichstellung vu Mann a Fra. Anerersäits suergt d’CSF fir eng Stäerkung vun der Roll vun de Fraen an der Politik a speziell an der chrëschtlech-sozialer Vollekspartei. An all de Joeren huet d’CSF dobäi mat hirem Asaz an Engagement de Beweis fir hir Noutwennegkeet méi wéi abruecht.

Dir wëllt méi Informatiounen? Mellt Iech ënner [email protected]