Wéi vill Studenten hu fir dat kommend Studiejoer eng „Demande d’admission“ fir de „Bachelor en Sciences de l’Education“ (BScE) a fir de „Bachelor en Formation Pédagogique“ (BFP) gemaach?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Fir Enseignant an der Grondschoul ze ginn, gëtt et zwee Ausbildungsweeër: de klassesche „Bachelor en Sciences de l’Education“ (BScE) an deen elo neie „Bachelor en Formation Pédagogique“ (BFP) als Successeur vum sougenannte „Quereinsteiger-Modell“. Laut der entspriechender Broschür vun der Uni.lu ass den Delai, fir eng „Demande d’admission“ ze maachen, den 19. Mee ofgelaf.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Wéi vill Studenten hu fir dat kommend Studiejoer eng „Demande d’admission“ fir de „Bachelor en Sciences de l’Education“ (BScE) gemaach?
  • Wéi vill Studenten hu fir dat kommend Studiejoer eng „Demande d’admission“ fir de „Bachelor en Formation Pédagogique“ (BFP) gemaach?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktionspresidentin

Zréck