CSV-Akademie: Formatiounen

Mat der CSV-Akademie offréiere mir Iech en interessanten a breede Formatiounsprogramm. Nieft reegelméissege Formatioune fir déi kommunikativ Kompetenz, Rhetorik an Argumentéieren, gi Seminaire iwwer déi politesch, sozial a wirtschaftlech Entwécklunge proposéiert. Och d’Geschicht vun der CSV an hir Wäerter ginn ëmmer erëm nees nei behandelt, ewéi och de Fonctionnement vun eisen Institutiounen.

D’Formatiounen, mat Ausnam vu verschiddene Rhetorikscoursen, déi e ganzen Dag an Usproch huelen, daueren all Kéiers ëm déi 2-3 Stonnen. Aus organisatoresche Grënn biede mir Iech, Iech w.e.g. bis spéitstens zwee Deeg virun der Formatioun unzemellen.

D’Formatiounen op e Bléck

D’Roll vun de Soziale Medien

D’Bedeitung an d’Roll vun de Soziale Medien an der politescher Kommunikatioun sinn d’Theme vun der CSV-Akademie, Mëttwoch, de 16. Mee. De “Social Media”-Expert Chris Mathieu informéiert, wat fir Netzwierker fir wat fir Ziler am Beschte sinn.

  • Mëttwochs, den 16. Mee 2018 ëm 18:30 bei de Franziskanerschwësteren (50, Avenue Gaston Diderich; L-1420 Luxembourg)

Wéi entsteet e Gesetz?

Ëm d’Gesetzgebungsprozedur geet et Mëttwoch, den 13. Juni. Wéi ensteet e Gesetz? Wat ass d’Roll vun der Chamber, dem Staatsrot an de Beruffskummeren? Den Yves Marchi, Jurist, mécht dës Introduktioun an déi lëtzebuergesch Gesetzgebungsprozedur.

  • Mëttwochs, den 13. Juni 2018 ëm 18:30 am CSV-Generalsekretariat (4, rue de l’Eau, Luxembourg)