Wëssend, dass mir wéinst der Liewensmëttelsouveränitéit an der Liewensmëttelversuergung e Schluechthaus zu Lëtzebuerg brauchen, wei gedenkt Regierung den Erhalt vum leschte Schluechthaus zu Lëtzebuerg laangfristeg ofzesécheren?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

De 17. Mee koum d’Nouvelle, datt d’Firma Cobolux de Schluechtbetrib zu Wecker zou mécht. No der Fermeture gëtt et hei zu Lëtzebuerg just nach ee Schluechthaus. Kuerz Weeër, virun allem vu liewegen Déieren, mussen eng Prioritéit sinn. No dësem Zoumaache gi mer an der Fleeschproduktioun souguer am Beräich vum Groussvéi nach méi vum Ausland ofhängeg. Mir mussen awer och no der Liewensmëttelversuergung an eisem Land kucken.

An deem Kontext wollte mir folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen:

  • Huet den Här Minister Angaben zu der Entwécklung iwwer déi lescht 5 Joer vun der Unzuel vun Deieren déi zu zu Wecker geschluecht gi sinn?
  • War de Minister am Virfeld iwwert d’Fermeture informéiert ginn an ass no anere Léisunge gesicht ginn?
  • Mat nëmme méi engem Schluechthaus besteet de Risiko, datt am Fall vum Ausbroch vun enger Krankheet, wéi z.B. BSE oder der Schwéngspescht, d‘Schluechthaus – an dësem Fall dat eenzegt am Land – misst zougemaach ginn. Wat wëll d’Regierung an esou engem Noutfall maachen?
  • Ass de Minister mam Ettelbrécker Schluechthaus a Kontakt?
    • Wa jo, wéi gesäit do déi wirtschaftlech Situatioun aus?
  • Wëssend, dass mir wéinst der Liewensmëttelsouveränitéit an der Liewensmëttelversuergung e Schluechthaus zu Lëtzebuerg brauchen, wei gedenkt Regierung den Erhalt vum leschte Schluechthaus zu Lëtzebuerg laangfristeg ofzesécheren?
  • Gesäit Regierung an dësem Kontext eng Méiglechkeet fir, finanziell Hëllefen fir d‘Ettelbrecker Schluechthaus bereetzestellen?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen     Octavie Modert

Deputéiert            Deputéiert

Zréck