CSV – Kloer, no & gerecht

D’CSV – eng Wäertepartei fir eng gerecht Gesellschaft

Mir sinn déi grouss Lëtzebuerger Vollekspartei vun der sozialer Mëtt.

Jidder eenzelen zielt …

Eis Politik baséiert op de Grondprinzipie vun der chrëschtlecher Sozialléier. Si baséiert um Leitmotiv vu „Jidder eenzelen zielt“.

… als eenzele Mënsch

Esou steet d‘Wäertschätzung vun der mënschlecher Dignitéit am Mëttelpunkt vun eise Bestriewungen. All Mënsch soll d’Méiglechkeet hunn sech eng eegen Existenz opzebauen. All Mënsch huet virun allem d’Recht sech am Liewen ze verwierklechen.

Den eenzele Mënsch kann sech awer nëmme richteg bannent enger Gemeinschaft entwéckelen. Mir kënnen eis Ziler am Beschten zesummen areechen. Wa mir eis géigesäiteg hëllefen an ënnerstëtzen. Mir sti fest zur Solidargemeinschaft.

… als aktiven a wäertvolle Member vun der Gesellschaft

Mir gleewen dorun, datt jiddereen e Bäitrag fir eist Zesummeliewen erbrénge soll a kann. Déi staark Schëlleren natierlech méi, ewéi déi schwaach. Sozialen Zesummenhalt, Sécherheet a gemeinsame Wuelstand, ewéi déi modernsten ëffentlech Infrastrukturen an Déngschtleeschtungen, verlaange vun eis all Ustrengungen. Eis Gemeinschaft an eis fräi Gesellschaft kënnen op Dauer ouni d’Bäiträg vun all Mënsch, ouni d’Upake vu jidderengem, net bestoen.

D’Zesummeliewe soll awer jidderengem méi Méiglechkeeten a méi Fräiheete bidden, net den Eenzelen ënnerdrécken an aschränken. Dofir ass et un éischter Plaz net de Staat, ma jidderee vun eis, dee fir säi Wuel an dat vu senge Matmënsche verantwortlech ass.

Mir stinn dofir fir d’Zesummespill vun Eegeninitiativ a kollektiven Ustrengungen, vum Leeschtungsgedanken an der sozialer Gerechtegkeet a fir d’Matenee vu Fräiheet vum Individuum a Verantwortung fir d’Allgemengwuel.

D’CSV – eng Vollekspartei no um Bierger

Mir vertrieden net just d’Intressie vun enger bestëmmter Bevëlkerungsschicht. Den Ausgläich tëschent den ënnerschiddleche Bedierfnesser an d’Allgemengwuel si bei eiser Politik entscheedend.

D’CSV ass haut awer virun allem déi eenzeg Partei vu Lëtzebuerg, déi am ganze Land vertrueden ass. Bei de Gemengewahlen war si déi eenzeg Partei, déi an alle Proporzgemengen eng komplett Lëscht presentéiert huet. Mat iwwer 80 Sektiounen ass se queesch duerch d’Land fest an der Lëtzebuerger Gesellschaft verankert.

Mat der Ënnerstëtzung  vun 10.000 Memberen

Politesch Entscheedungen entsti net vum Selwen. Léisunge falen net vum Himmel. D’Politik gëtt vu Mënsche gemaach. D’Entscheedunge vu Mënsche geholl.

D’CSV – dat sinn iwwer 10.000 Leit, Männer a Fraen aus allen Alters- a Gesellschaftsschichten, Mënsche mat de verschiddenste Beruffer a vu ville Nationalitéiten, déi sech engagéiere wëllen. Et sinn 10.000 Leit, déi bereet sinn, hiert Wëssen, hir Kompetenzen an Iddien anzebréngen. 10.000 Leit, déi sech fir d’Gesellschaft an hir Matmënschen asetzen. Um lokalen, regionalen a nationale Plang. Awer och an Europa an doriwwer eraus.

Mam Vertraue vum Bierger

Bei de leschte Legislativwahlen hunn d’Lëtzebuerger der CSV iwwer 34 Prozent ginn. D’CSV ass déi Partei, deenen d’Bierger bei Wäitem am meeschte vertrauen. Fir dëst Vertraue kënne mir just Merci soen. Fir chrëschtlech-sozial Politiker heescht dëst awer konkret: D’Vertraue vun de Leit ze kréien, ass een Optrag – kee Privileg. Politik ze gestalten ass kee Selbstzweck, ma en Déngscht un de Matmënschen.

D’CSV – eng Programmpartei mat kloere Positiounen

Politik ass e Wettkampf vun Ideeën. D’Ënnerscheeder tëschent de Parteie beschränken sech net nëmmen op d’Perséinlechkeet vum Spëtzekandidat. Wahle representéieren e Choix vum Bierger tëschent ënnerschiddleche Mënschebiller a Gesellschaftsmodeller, tëschent alternative Prioritéiten a Léisungsvirschléi.

Positiounen ausschaffen – Léisungen ëmsetzen

An der politescher Verantwortung stoen, heescht fir d’CSV chrëschtlech-sozial Wäertvirstellungen an d’Realitéit ëmsetzen. Et heescht Zukunftskonzepter fir d’Land entwéckelen, haut schonns u muer denken. Et heescht kloer Virschléi presentéieren, wéi d’Liewensqualitéit vun de Mënschen verbessert ka ginn a konkret Léisunge fir konkret Problemer fannen.

An der Partei

Eis Positiounen entstinn an interner Demokratie an Diskussioun, an Zesummenaarbecht vun einfache Parteimemberen, Mandatairen an Experten. Si ginn an de verschiddene Parteiorganger ausgeschafft, an Aarbechtsgruppe beschwat, op Kongresser a Nationalréit diskutéiert. All fënnef Joer fannen dës Iwwerleeungen hiren Ausdrock am Wahlprogramm vun der Partei.

Et gehéiert zum Selbstverständnis vun der CSV sech selwer a Fro ze stellen, ouni blann all Laun vum Zäitgeescht nozelafen. Et zielt, souwuel d’Ëmsetzung vun de Grondsätz vun Zäit zu Zäit ze hannerfroen an déi um Terrain gefouerte Politik regelméisseg ze iwwerdenken. Gi mir eiser Aufgab nach ëmmer gerecht? Hu mir nach ëmmer déi richteg Äntwerten op déi nei Erausfuerderungen? Entsprécht eis Politik ëmmer nach eise Wäerter an Idealer?

Am Dialog mam Bierger

Mir begréissen den ëffentlechen Debat. Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft fanne bei eis ëmmer oppen Dieren, wann se un engem Meenungsaustausch interesséiert sinn. Kommentaren, Froen an Ideeën vun de Bierger gi vun eis ëmmer eescht geholl. Net nëmmen eis Mandatairen an eis Sektiounen um lokale Plang sichen de Kontakt mam Bierger, als national Partei invitéiere mir reegelméisseg z.B. fir zesumme mat de Leit am Land iwwert eis Prioritéite fir Lëtzebuerg an eis Positiounen, fir iwwer hir Suergen an hir Virschléi ze diskutéieren.

D’CSV an Zuelen (2017)