Eis Fraktioun Questions parlementaires Page 106 Questions parlementaires 16 August '21 A Frankräich gouf e Gesetz gestemmt wouno d’Tabakindustrie fir d’Entsuergung vun Zigarettenstëmp souwéi Sensibiliséierungscampagnë soll opkommen. Wéilt d’Madamm Ëmweltministesch een diesbezüglecht Gesetz och zu Lëtzebuerg op den Instanzewee bréngen? 16 August '21 Wéi séier ginn d’Aiden un d’Betriber, déi duerch d’Héichwaasser Schued erlidden hunn, ausbezuelt, vir ze verhënneren datt dës Betriber a Liquiditéitsschwieregkeeten geroden ? 16 August '21 Ass den Här Medieminister der Meenung datt een zu Lëtzebuerg och misst en “Staatsferne” Krittär, sou wéi an Däitschland, fir eis Medien aféieren ? 12 August '21 Wéi vill Kloen goufe bis elo vu Säite vum Staat am Zesummenhang mat de Cum-Ex-Geschäften agereecht ? 12 August '21 Wéi ass d’Prise en charge vun Hannerbliwwenen bei der Police organiséiert ? Iwwer wéi eng Dauer hunn Hannerbliwwener « Recht » op dës Prise en charge ? 12 August '21 Kann d’Regierung eppes ënnerhuelen fir datt Persounen, déi schonns Broschtkriibs haten net méi sou laang op een Rendezvous waarden mussen ? Recommandéiert d’Regierung datt d’Patienten sollen an d’Ausland goen fir hir Mammographie ze maachen? 12 August '21 Wat ass der Regierung hier Strategie wat d’Handhabung vun den periméierten oder bal periméierten Impfdosen ubelaangt ? 11 August '21 Ass d’Regierung der Meenung datt RTL sollt d’Zesummenaarbecht mat Amazon ofbriechen, nodeems si vun der CNPD verurteelt gi sinn ? 11 August '21 Gesäit de Kulturministère oder de Fonds pour les momuments historiques speziell finanziell Bäihëllefe vir, zousätzlech zu den allgemengen Bäihëllefe vun der Regierung fir héichwaassergeschiedegt Haiser? 06 August '21 Wat gesäit d’Regierung dans un premier temps fir, vir notamment d’ Maintenance vum informateschen System vun eisen Impfzentren ze assuréieren an ze garantéieren datt den Impfpatient e Covid-Check Zertifikat kritt mat deenen richtegen Donnéeë ? 103104105106107108109