Ass et virgesi fir d’Prozedur fir en Héierapparat ze kréien ze vereinfachen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch wéi un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Vir en Héierapparat ze kréien, muss een mol virdéicht bei en médecin ORL deen engem no der Diagnose eng Ordonnance vir esou en Apparat ausstellt. Dono muss de Patient bei engem Service Audiophonologique passéieren vir nach weider Tester ze maachen. An enger drëtter Etapp geet een dann bei den Hörtechniker wou ënner anerem en Ofdrock vun den Oueren gemaach gëtt. No 3 Wochen Proufzäit muss en dann erëm an d’Kontroll wou d’Wierksamkeet vum Apparat iwwerpréiwt gëtt.

Dëst stëllt an enger éischter Phase schonn e laangen Wee duer vir Leit mat ageschränkter Mobilitéit, respektiv sos engem Handicap. No 5 Joer huet d’Persoun dann erëm néi Héierapparater ze gutt. Laut mengen Informatiounen muss een wann een dann en Deel vun de Käschten vun der Krankekeess guttgehalen well kréien, erëm praktesch dee selwechte Wee maachen wéi am Ufank.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung bestätegen datt een no deenen 5 Joer erëm praktesch dee selwechte Wee maachen muss wéi bei der éichte kéier ? (ORL, Service Audiophonologique, Hörtechniker, Kontroll )
  • Ass d’Regierung net och der Meenung datt d‘Prozedur vir no deenen 5 Joer en neien Héierapparat ze kréien an en och vun der Krankekeess deels rembourséiert ze kréien, immens opwendeg ass vir eeler Persounen, respektiv Leit mat engem Handicap ?
  • Mengt d’Regierung net och dass een dës Persounen an deem Fall vernoléissegt andeems ee riskéiert datt Leit déi hiert ganzt Liewen an Krankekeess abezuelt hunn, hier néi Héiergeräter déi se ze gutt hunn ganz aus hirer eegener Täsch bezuelen, well d’Prozedur vir si einfach ze vill opwendeg ass ?
  • Kéint een dës Prozedur net automatiséieren oder vereinfachen ?

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt

Zréck