Mat wéi enge Sanktioune musse Leit rechnen, déi mat „Fälschungen“ vu Covi19 Certificat’en erwëscht ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.
De CovidCheck ass mam neie Gesetz op ëmmer méi Platzen am gesellschaftleche Liewen en Place. Leit, déi weder geimpft nach erëm genese sinn, brauche laut dësem also mëttlerweil een zertifiéierten Test fir op esou Platzen eranzekommen. An de soziale Medie liest een awer vill Rumeuren, dass Leit sech een Impfzertifikat vu Kolleegen oder Familljemembere géingen op hiren Handy kopéieren, fir de CovidCheck esou ze ëmgoen an deemno de ganze System a Fro ze stellen.

Ech wéilt dofir folgend Froen un d’Madamm Minister stellen:
• Weess d´Madamm Ministesch eppes vun esou Praktiken?
• Wann jo, ginn hei spezifesch Kontrolle gemaach? Wéi vill Leit si schonn erwëscht ginn?
• Mat wéi enge Sanktioune musse Leit rechnen, déi mat esou „Fälschungen“ erwëscht ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt ép. Kemp
Deputéiert

Zréck