Wéi schätzt d’Regierung eng Zweet- oder Drëttdosis an bei Persounen déi schonns mam Covid-19 infizéiert waren an eemol mam Janssen Impfstoff geimpft goufen ? Wat sinn an deem Fall der Regierung hier Recommandatiounen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Et ass jo mëttlerweil recommandéiert datt Leit déi mam Janssen Impfstoff geimpft goufen, eng sougenannten Booster Impfung mat engem ARN-Messager Impfstoff solle gemaach kréien vir besser géint de Covid-19 geschützt ze sinn. D’Meenungen ginn awer weltwäit auserneen wat eng Zweet-oder Drëttdosis ubelaangt vir Leit déi schonn mam Covid-19 infizéiert waren an eemol mam Janssen Impfstoff geimpft goufen.

Wëssend datt „Long-Covid“ net ze ënnerschätzen ass, an d’Leit an deem Sënn mussen adequat informéiert ginn, géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéi schätzt d’Regierung eng Zweet- oder Drëttdosis an bei Persounen déi schonns mam Covid-19 infizéiert waren an eemol mam Janssen Impfstoff geimpft goufen ? Wat sinn an deem Fall der Regierung hier Recommandatiounen ?

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck