A leschter Zäit ass d’Unzuel un Abréch ganz besonnesch d’Stad Lëtzebuerg staark an d’Luucht gaangen. Wéi gedenkt den Här Minister kuerzfristeg op dës Hausse un Abréch ze reagéieren ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 81 vum Règlement vun der Chamber et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannescht Sécherheet weider ze leeden.

 

An de lëschten Deeg ass eis zu Ouere komm, dass a leschter Zäit d’Unzuel un Abréch staark an d’Luucht gaangen ass. Concernéiert war eisen Informatiounen no dat ganzt Land a ganz besonnesch d’Stad Lëtzebuerg.

 

An dësem Kontext wéilte mir dem Här Minister fir bannescht Sécherheet folgend Froe stellen :

 

  1. Sinn dem Minister ähnlech Informatioun vun enger rezenter Hausse un Abréch zoukomm ?
  2. Am Fall wou den Minister esou eng Hausse confirméieren kéint, ginn et schonn éischt Erklärungen fir dës mei héich Unzuel un Abréch ?
  3. Wann jo, wéi gedenkt den Här Minister kuerzfristeg op dës Hausse un Abréch ze reagéieren ?

 

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Serge Wilmes                                        Laurent Mosar                                                  Léon Gloden

Deputéierten                                        Deputéierten                                                    Deputéierten

 

Zréck