Kann d’Regierung confirméieren oder dementéieren, datt si am Europäesche Rot d’Interessie vun de sougenannte Gafaen, also de groussen Internet-Konzerner, zum Nodeel vun den eegene Bierger vertrueden huet?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Premierminister a Minister vun der Digitalisatioun an un den Här Wirtschaftsminister weider ze leeden.

Mengen Informatiounen no kënnegt sech an der europäescher Press eng nei Rechercheaarbecht vun engem Journaliste-Reseau (z.B. „Investigate Europe“ a „Netzpolitik.org“) un, déi op een Neits riskéiert, Lëtzebuerg an ee schlecht Liicht ze stellen. Éischt Artikele sinn hei och scho publizéiert ginn (z.B. „Digital Markets Act: Wie die Lobbymacht von Google und Co. an der EU scheitert“, tagesspiegel.de, 27.10.2021)

Et geet hei ëm Recherchen ronderëm den Digital Markets Act (DMA), d‘Gesetz iwwer digital Marchéen, dat fir méi fair a méi oppen digital Marchéë suerge soll. Een Text, deen d’Marchésmuecht vun de Gafaë begrenze soll an deen um EU-Instanzewee scho wäit fortgeschratt ass. Laut interne Conseils-Dokumenter (Protokollen an Amendementer), déi de Journaliste virleien, sollen hei Lëtzebuerg an Irland virun allem d’Interessie vun de grousse Gafaë vertrueden hunn, zum Nodeel vun hire Bierger.
Sou hätte si probéiert, den Text ofzeschwächen an ze verwässeren. Dat virun allem, wat den Artikel 16 vum Text ugeet, deen der Kommissioun Marchés-Analyse bei enger „systemescher Netanhalung“ vum Gesetz erlabe soll. Am genannten Zeitungsartikel geet souguer riets vu „Lobbysprech aus Irland und Luxemburg“.

Duerfir géif ech dem Här Premierminister a Minister vun der Digitalisatioun an dem Här Wirtschaftsminister gär folgend Froe stellen:
1. Kann d’Regierung confirméieren oder dementéieren, datt si am Europäesche Rot d’Interessie vun de sougenannte Gafaen, also de groussen Internet-Konzerner, zum Nodeel vun den eegene Bierger vertrueden huet?
2. Wéi ass déi konkret Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung zur aktueller Versioun vum Digital Markets Act, also zum Text, wéi en vun der Europäescher Kommissioun virgeluecht ginn ass? Och (awer net nëmmen) zum genannten Artikel 16?
3. Wéi wëll d’Regierung hei konkret duerfir suergen, datt d’Interessie vun de Bierger bei der digitaler Entwécklung geschützt ginn?
4. Weess d’Regierung iwwert d‘Recherche-Aarbechte vu Journalisten-Reseaue Bescheed a wéi gedenkt d’Regierung heirop ze reagéieren, fir dem Image vum Land net weider ze schueden?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Viviane Reding
Deputéiert

Zréck