Wéi eng allgemeng Recommandatioune gedenkt d’Madamm Ëmweltministesch via d’Naturverwaltung erauszeginn, fir de Problem mat de Fiiss an de Grëff ze kréien?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weiderzeleeden.

An de leschten Deeg a Woche goufen am Raum Kielen e puer Leit vun engem Fuuss gebass. D’Verhale vum Fuuss respektiv de Fiiss gëtt vun der Naturverwaltung als „ongewéinlech“ agestuuft. Gläichzäiteg seet d’Naturverwaltung awer, dass dat Verhalen och domat kéint zesummenhänken, dass Leit wëll Déiere géife fidderen – bewosst oder onbewosst.

Am Kader vun de beschriwwene Virfäll wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Ëmweltministesch stellen :

  • Kann d’Madamm Ëmweltministesch eng Lëscht mat alle Virfäll, bei deene Leit vun engem Fuuss gebass goufen, virleeën – opgeschlësselt no Zäitpunkt a Regioun?
  • Kann d’Madamm Ëmweltministesch d’Ausso vum Responsabele vun der Naturverwaltung mat Fakte beleeën, dass Leit wëll Déiere bewosst oder onbewosst fidderen?
  • Wa jo, wou goufen déi Fäll vu Fidderung enregistréiert? A mat wat goufen d’Fiiss gefiddert?
  • Wann net, op wat baséiert sech d’Naturverwaltung bei hiren Aussoen géintiwwer der Press ?
  • Wéi eng allgemeng Recommandatioune gedenkt d’Madamm Ëmweltministesch via d’Naturverwaltung erauszeginn, fir de Problem mat de Fiiss an de Grëff ze kréien?
  • Wéi huet sech d’Populatioun vun de Fiiss zu Lëtzebuerg am Allgemengen an de leschten 10 Joer entwéckelt?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck