Wäerte Leit ënner 30 Joer déi am medezinesche Beräich schaffe, kënne wiele mat wéi engem mRNA-Vaccin si sech impfe loossen oder gëtt de Moderna Vaccin souwisou net méi fir Leit ënner 30 Joer virgesinn, och fir eng zweet Booster-Impfung wann ee mam Johnson-Vaccin geimpft gouf ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Op Recommandatioun hin vum „Conseil supérieur des maladies infectieuses“ (CSMI) huet de Regierungsrot annoncéiert datt Leit iwwer 65 Joer, respektiv Persounen déi am medezinesche Beräich schaffen, kënnen eng sougenannte „Booster-Impfung“ kréien. Dës soll op d’mannst sechs Méint no der leschter Impfung gemaach ginn, also sechs Méint, nodeem een déi zweet oder eenzeg Impfung krut. Den CSMI réit och datt dës Booster-Impfung op Basis vun engem mRNA-Vaccin soll sinn, also aktuell entweder vu Moderna oder Biontech/Pfizer.

Elo ass et allerdéngs esou datt ganz aktuell déi däitsch « Ständige Impfkommission » (STIKO) réit Leit ënner 30 Joer just nach mat dem Vaccin vu Biontech/Pfizer ze impfen, well rezent Chiffere géife weisen datt Häerzmuskel – an Häerzbeidelelentzündunge géife méi heefeg bei Mënschen aus dëser Alterskategorie festgestallt gi wann si mam Vaccin vu Moderna geimpft goufen.

Virun dësem Hannergrond wéilte mir der Madamm Gesondheetsminister folgend Froe stellen:

  1. Wéi steet d’Regierung zu dësem Avis vun der STIKO ?
  2. Wäerte Leit ënner 30 Joer déi am medezinesche Beräich schaffe, kënne wiele mat wéi engem mRNA-Vaccin si sech impfe loossen oder gëtt de Moderna Vaccin souwisou net méi fir Leit ënner 30 Joer virgesinn, och fir eng zweet Booster-Impfung wann ee mam Johnson-Vaccin geimpft gouf ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies                                            Claude Wiseler

Deputéierten                                     Deputéierten

Zréck