Kann d’Regierung bestätegen datt et Probleemer ginn wat d’Resultater vun den PCR-Tester a verschiddenen Labo’en ugeet ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Laut mengen Informatiounen géif et e Mangel un Konsistenz ginn wat net nëmmen d’Resultater vun de PCR-Tester ugeet, déi a verschiddenen Laboen vun der selwechter Persoun am nämmlechten Zäitraum gemaach ginn, mee och wat d’Interpretatioun an d’Aussoen vun der Santé ubelaangen. Esou géifen et Fäll ginn wou eng Persoun an engem Labo positiv op de Covid-19 getest gouf, an doropshin eng Ordonnance vun der Regierung vir en zweeten PCR-Test erhalen hätt. Dës Persoun hätt dunn e puer Stonnen drop an engem aneren Labo en zweeten Test gemaach, an hätt nees e positiivt Resultat erhalen. De Ministère de la santé hätt dëst Resultat awer dunn revisitéiert a gesot datt d‘Persoun net an den Isolement misst well se negativ getest gi wier.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung bestätegen datt et Probleemer ginn wat d’Resultater vun den PCR-Tester a verschiddenen Labo’en ugeet ?
  • Huet d’Regierung vun Inkonsistenzen Kenntnis geholl wat d’Resultater vun den PCR-Tester ubelaangt ? Mengt d’Regierung net datt et soumat vill Falsch-Positiver resp. Negativer ginn ?
  • Kann d’Regierung erklären wéi et méiglech ass datt et Fäll ginn wou eng selwecht Persoun zur praktesch der selwechter Zäit an engem Labo positiv an an engem Labo negativ op de Covid-19 getest gëtt, respektiv wou de Gesondheetsministère e Resultat vun engem Labo revisitéiert ?
  • Ass hei d’Seriositéit vun den Tester net unzezweiwelen ?
  • Wier et net ubruecht bei engem positiven PCR-Test (ouni Symptomer) een zousätzlechen PCR-Test ze maachen vir d’Resultat ze confirméieren oder ze annuléieren ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies
Deputéierten

Zréck