Eis Fraktioun Questions parlementaires Page 160 Questions parlementaires 27 Mee '20 Den Ament leeft eng juristesch Prozedur géint en Direkter vun der Police grand-ducale. Ass dësen Direkter suspendéiert ginn ? Wa jo, wéi huet sech dës Suspendéierung ofgespillt ? 26 Mee '20 Dréngend Fro : Cafeën a Restaurante maachen op, mä riskéieren vill manner Clienten ze hunn am Ufank. Wat bedeit dat fir de chômage partiel fir déi betraffe Salarieeën? 26 Mee '20 Ass et normal dass grouss Gemengeflächen als „Lieu de distribution“ fir Maske, respektiv als Platz fir COVID-19 Tester genotzt ginn, ouni dass d´Gemengeresponsabel virdrun doriwwer a Kenntnis gesat oder gefrot gi sinn ? Gëtt de finanziellen Impakt op de Budget vun de concernéierte Gemenge kompenséiert ? 23 Mee '20 Laut dem groussherzogleche Reglement vum 18. Mäerz 2020, waren eng Rei Secteuren net vun der Limitatioun vu wirtschaftlechen Aktivitéite betraff. Wéi ass et mat den Tester an deene Secteuren? 22 Mee '20 Firwat gesäit de Landwirtschaftsminister keng direkt Bäihëllefen fir pedagogesch Bauerebetriber vir? Wéini an ënnert wéi engen Konditiounen kënnen d’pedagogesch Bauerebetriber erëm mat hiren Aktivitéiten ufänken? 22 Mee '20 Firwat kënne Leit mat Inkontinenz déi awer net fleegebedierfteg sinn, net vum “Forfait pour matériel d’incontinence” profitéieren a mussen d’Fraise fir d’Wëndele selwer iwwerhuelen ? 22 Mee '20 Zanter 1 Mount gëtt op de Chantieren uechter d’ganz Land an och un der neier N3 nees geschafft. Wéi kommen déi 3 verschidde Moduler (Nord / Central a Sud), an déi d’N3 gegliddert ass, virun ? 22 Mee '20 Beamte vum „Service de Santé au Travail Multisectoriel“ hunn rezent vill Kontrollen a Coiffer- /Estheticienen-Salonen gemaach an sech dobäi als normal Clienten ausginn. Firwat gëtt op dës Method vu Kontrollen zréckgegraff? Wat war d’Resultat vun de Kontrollen? 20 Mee '20 Wéini gëtt d’Kommunikatioun vum Ministère mat de Recommandatiounen un d’Altersheemer verdeelt a wéi gesi déi Recommandatiounen am Detail aus ? 20 Mee '20 Rezent koum et an Lëtzebuerg zu ville “Phishing” Versich, bäi deenen d’Kommunikatioune vu lëtzebuergesche Banken oder LuxTrust imitéiert ginn ass. Sinn hei sensibel Donnéeë geklaut ginn ? Huet LuxTrust an deene leschte Méint hier Dateschutzsystemer verbessert ? 157158159160161162163