Stëmmt et dass d’Fäerdegstellen vum Bau vum Contournement vun Dippech bis 2024 dauere wäert ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, géife mir Iech bieden folgend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un d’Madamm Minister fir Emwelt betreffend de klenge Contournement vun Dippach weiderzeleeden.

 

An engem Reportage op RTL huet et Ufanks des Joers geheescht:

 

„Keng gutt Nouvellën gouf et de Moien fir d’Awunner ronderëm Dippech-Gare. De Bau vum Contournement, dee schonn zanter Jore geplangt ass a Mëtt vun dësem Joer [2020] sollt ufänken, gëtt lo nees verréckelt. Et fehlt eng Genehmegung vum Ëmweltministär. Eppes wat de Bauteministär och net sou wousst.“

 

A senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro huet de Minister de Werdegang vum Dossier kuerz erklärt:

 

Nodeems déi al Ëmwelt-Autorisatioun am Mäerz 2018 ofgelaf war, [ass] am August 2018 eng nei Demande fir dësen adaptéierte Projet vu säitens der Stroossebauverwaltung un den Ëmweltministère gestallt ginn. Den Ëmweltministère séngersaits huet am Mee 2019 op dës Demande geäntwert an eng Biotopwäertbilanzéierung gefrot. Am Januar 2020 huet sech erausgestallt dass nach eng weider Impaktstudie (EIE) fir dëse Projet noutwendeg war.

 

Et huet also annerhalleft Joer no der neier Demande gedauert fir dass den Ëmweltministär am Januar 2020 zu der Konklusioun kënnt, dass nach eng zousätzlech EIE-Etüd néideg wär.

 

D’Leit ronderëm Dippach-Gare goufen also op en Neits op e spéideren Datum vertréischt an et gouf hinnen erkläert, dass hei elo maximal ee Joer géif verluer goen. An engem gemeinsame Communiqué vun den uewegenannte Ministeren huet et nämlech geheescht:

 

„Partant d’un scénario de bonne entente entre l’ensemble des intervenants, et avec le support des communes lors de la présentation au public, le dossier d’autorisation pourrait être conclu vers la fin de cette année [2020]. Par la suite, l’appel d’offre pour les travaux pourra être lancé.

 

De Bau sollt also am Hierscht 2021 starten. Well niewt de Vullen och nach d’Präsenz vun Hieselmais a vun Eidechsen muss evaluéiert ginn, kritt de Bau op en Neits 6 Méint Retard, sou dass een elo mat engem Fäerdegstellen vum Bau bis 2024 rechent.

 

Duerfir wéilte mir folgend Froen un d’Regierung stellen :

 

  • Kënnen d’Ministeren dës zousätzlech Retarden confirméieren?
  • Kann à ce stade en notabelen negativen Impakt op d’Natura 2000 Zone ausgeschloss ginn? Kann à ce stade ausgeschloss ginn, dass alternativ Léisungen musse gepréift ginn?

 

Wéi d’Madamm Buergermeeschter vun Dippech an engem rezente Reportage betount, sollt de Mobilitéitsminister och nach eng Kéier un d’CFL runtrieden fir d’Dauer vum Schléissen vun der Barrière zu Dippech-Gare ze verkierzen an doduerch de Verkéiersfloss manner ze beanträchtegen.

 

  • Huet de Minister déi néideg Démarchen ënnerholl?

 

  • Wat ass dobei rauskomm?

 

  • Wéi eng Moossnamen sinn zousätzlech ugeduecht (a kéinten kuerzfristeg ëmgesat ginn) fir d’Awunner vun de Gemengen Dippech a Reckeng op Mess verkéierstechnesch ze entlaaschten?

 

Mat déifstem Respekt,

 

Martine Hansen

Deputéiert

Gilles Roth

Deputéierten

Zréck