Wéi eng Formatioune kritt d’CFL Personal ugebuede fir besser op d’Besoine vu de Passagéier anzegoen? Gëtt d’Personal systematesch drop higewisen z.B. Passagéier mat reduzéierter Mobilitéit oder Famille mat Kanner, do wou kee Lift ass, unzepaken?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

An der geschriwwener Press vun haut war an engem Editorial ze liesen datt d’Personal op de Garë wuel net ëmmer ganz Clients- a Passagéier-orientéiert schafft, wat natierlech net dozou bäidréit datt méi Leit op den ëffentlechen Transport ëmklammen. Des weidere gouf am selwechten Artikel drop higewisen datt op der Escher Gare keng Ecranen installéiert sinn déi Informatiounen zu den Zich am „real time“ weiderginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Wéi eng Formatioune kritt d’CFL Personal ugebuede fir besser op d’Besoine vu de Passagéier anzegoen?
  • Gëtt d’Personal systematesch drop higewisen z.B. Passagéier mat reduzéierter Mobilitéit oder Famille mat Kanner, do wou kee Lift ass, unzepaken?
  • Wann nee, deelt de Minister d’Meenung datt dëst sënnvoll an néideg wier?
  • Ass geplangt déi gréisser Garen no an no all mat Ecranen ze equipéieren déi de Passagéier all Informatiounen zu den Zich direkt weiderginn?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Georges Mischo

Deputéierten

 

Zréck