Kéint een net, am Respekt vun den néidege sanitäre Mesuren, zukünftege Pappen et erlaben bei den Ënnersichungen an dem Ultraschall vun hirer schwangerer Fra dobäi ze sinn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister wieder ze leeden.

Op de soziale Medie war kierzlech ze liesen datt zukünfteg Pappen weenst COVID-Mesuren net bei den Ënnersichunge vun hirer schwangerer Fra beim Gynekolog an och beim sougenannte „groussen Ultraschall“ dierften dobäi sinn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Minister stellen:

  • Kann d‘Madamm Minister dës Informatioune bestätegen?
  • Wa jo, baséiert dëse Verbuet op enger Consigne vum Ministère oder ass et de jeeweilege Spideeler an Dokteschpraxen iwwerlooss wéi si et handhaben?
  • Deelt d’Madamm Minister d’Meenung datt et am Respekt vun den néidege sanitäre Mesuren, sollt méiglech sinn, datt zukünfteg Elteren all Ënnersichunge kënnen zesummen erliewen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck