Affair vun der Unité Spéciale de la Police (USP) vun 2015 : Gëtt et wierklech eng Ongewëssheet vun Transparenz?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet wieder ze leeden.

Op Grond vun engem rezenten Artikel am Luxemburger Wort titeléiert „Wenn die Zeit verrinnt“ gëtt ugekënnegt, dass an der Affäre vun der Unité Spéciale de la Police („USP“) vum Juni 2015 wou et zu etheschen Erniddregungen vun Mataarbechter komm ass, eng Ongewëssheet vun Transparenz gëtt.

Ech wëll an dem Kontext folgend Froen un den Här Minister stellen:

Kann den Här Minister dës Informatiounen bestätegen?
Aus wéi engem Grond sinn déi jeeweileg Prozeduren am Kader vun den 3 Joren vun der respektiver Verjärungsfrist vum Diszplinarverfahren net agehalen gi?
Wat fir Moossnamen wäert den Här Minister souwuel um prozeduralen Niveau an wann néideg och um Personal-Niveau huelen?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck