Projet vun der neier N3 : Wat bedeiten d’Aarbechten fir Anrainer, Sportsveräiner an d’Emwelt um Houwald, zu Bouneweg a Gaasperech?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

De Projet vun der neier N3 ass e ganz wichtegen a vitale Projet wat d‘Entwecklung vum Südweste vun der Stad Lëtzebuerg an de Randgemengen ugeet.

De Bau vum Module Central an der rue des Scillas an am Rangwée um Houwald dierft nieft dem Ausbau vum Pont Buchler (Module Nord), den Aussoe vum Minister no, e ganz komplexe Projet ginn.

Kann de Minister sécherstellen datt wärend der Bauphase d‘Anrainer vum Houwald, Bouneweg a Gaasperech fräien Accès bei d‘Geschäfter wéi och bei hier Aarbechtsplaz, esouwuel op Säite vum Houwald wéi op Säite vum Ban de Gasperich hunn, ouni grouss Ëmweeër mussen a Kaf ze huelen?
Ass bei den Aarbechten assuréiert datt d‘Membere vum Houwalder Tennisclub viru bei d‘Installatioune vum Club kommen?
Duerch d‘Aarbechte fale vill Parkméiglechkeete virum Clubhouse wech, sinn nei Parkplaze fir de Veräi geplangt?
Ass wärend den Aarbechten assuréiert datt d‘Noperschaft net ze vill Nuisancen duerch Dreck a Kaméidi muss a Kaf huelen?
Ass wärend der Bauphase assuréiert datt Drosbach net duerch dës Aarbechte verknascht gëtt, an doduerch a Matleidenschaft gezu gëtt?
Am selwechte Kader huet de Minister de Bau vum Lycée Technique du Centre (LTC) um Midfield annoncéiert.

Ass de Minister net der Meenung datt all d‘Infrastrukture solle fäerdeg sinn (Tram, ÖPNV, Individualverkéier, mobilité douce) bis datt de Staat nei Projeten ëmsetzt?
Wéini ass geplangt fir den LTC ze bauen?
Fir de komplette Stroossereseau fäerdegzestelle, muss d‘rue des Scillas op senger ganzer Breet ausgebaut ginn.

Bis wéini soll dëse Komplettausbau am zentralen Deel vun der neier N3 ofgeschloss sinn?
De Module Sud, also de Contournement d‘Alzingen ass partie intégrante vun der neier N3.

·         Kann de Minister confirméieren op bis Enn vun dësem Joer, eng Decisioun iwwert den definitiven Tracé, am Regierungsrot geholl gëtt?

·         Wa jo, wat wier an dësem Fall den Delai vun enger Ëmsetzung vum Contournement?

·         Wann nach keng Decisioun am Regierungsrot bis Enn vun dësem Joer geholl ka ginn, wat sinn d‘Grënn dofir?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

 

 

 

Zréck