Sammelt de Gesondheetsministère oder aner zoustänneg Ämter perséinlech Date vu Fluchpassagéier aus bestëmmte Länner vun der Luxair, bzw. aner Fluglinnen oder aus enger Passagéierdatenzentralstell fir domadder eventuell Infektiounskette vu COVID-19 Erkrankunge kennen nozevollzéien? Ass dës Prozedur konform mam Lëtzebuerger Dateschutz?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zur Datespäicherung bei Fluchpassagéier fir d’Ermëttlung vu Corona-Kontakter un d’ Madamm Gesondheetsministesch an d’ Madamm Justizministesch weider ze leeden.

Wie aus engem rezenten Artikel aus dem Spiegel ervirgeet, huet d’Bundesverwaltungsamt (BVA) an Däitschland Date vu Fluchpassagéier aus der sougenannter „Passager Name Record“ (PNR) Datebank un Gesondheetsbehörde weidergeleet. Niewent dem Numm an den Adressen, ginn och d’Sëtzplaze vu Passagéier gespäichert a vum Bundesamt bei enger entspriechender Ufro weidergeleet fir sou Infektiounskette falls néideg kennen nozevollzéien. Weider huet d’Gesondheetsamt an Däitschland och direkt Date vu Fluglinnen ugefrot a recuperéiert.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Sammelt de Gesondheetsministère oder aner zoustänneg Ämter perséinlech Date vu Fluchpassagéier aus bestëmmte Länner vun der Luxair, bzw. aner Fluglinnen oder aus enger Passagéierdatenzentralstell fir domadder eventuell Infektiounskette vu COVID-19 Erkrankunge kennen nozevollzéien?
  2. Wann jo, a wéi engem Ëmfang ginn des Date vu Passagéier ausgewäert a verschafft?
  3. Ass dëst Prozedur konform mam Lëtzebuerger Dateschutz?
  4. Ass d’Ministesch der Meenung dat een dofir en speziellt Gesetz misst op de Wee brénge fir den Zougrëff vun sou Daten ze reegelen?
  5. Falls nee, gedenkt d’Regierung an Zukunft sou Daten ze notze fir, falls néideg, Quarantän- oder Meldeflichten duerchzesetzen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck