Wat sinn d’Grënn wéinst deenen 4 Baueren aus dem LAKU Comité demissionéiert hunn ?

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et am Artikel 83 virgesäit, biede mir Iech, folgend parlamentaresch Fro un Madamm Ëmweltminister weider ze leeden.

D’Landwirtschaftlech Kooperatioun Uewersauer LAKU ass eng Kooperatioun tëschent dem Naturpark Uewersauer, dem Drénkwaasserversuerger SEBES a verschiddene Bauerebetriber aus der Regioun Uewersauer.

Zil ass et, d’Qualitéit vum Drénkwaasser effektiv ze verbesseren andeems een déi landwirtschaftlech Bewirtschaftung vun de Flächen esou opstellt, dass se souwuel engem effikasse Waasserschutz wéi och den Interesse vun de landwirtschaftleche Betriber aus der Regioun Uewersauer Rechnung dréit.

Laut eisen Informatiounen hunn kierzlech all 4 Baueren aus dem Comité vum LAKU mat effet immédiat demissionéiert.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un Madamm Ëmweltminister stellen

  • Kann Madamm Minister eis déi Informatioun confirméieren ?
  • Wat sinn Grënn firwat déi 4 Baueren aus dem Comité demissionéiert hunn?
  • Wéi vill Betriber sinn aktuell an der LAKU aktiv ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Marco Schank                           Martine Hansen

Députéiert

Zréck