Questions parlementaires

An de leschten Deeg kruten Enseignanten déi a Quarantaine gesat goufen, trotzdeem autoriséiert fir hir Couren ze halen. Wéi vill der Fäll ginn et am Moment? Sinn esou Autorisatioune, fir trotz Quarantaine dierfe schaffen ze goen, och schonn an anere Beruffer ausgestallt ginn?

D'Äntwert fannt Dir hei

TVA Deklaratiounen däerfen nëmmen nach iwwer Internet agereecht ginn. Misst d’Post dann den méi isoléierten Haiser net e besseren Internetzougang ubidden ?

Firwat kann een seng TVA Deklaratioun nëmmen nach iwwer Internet an net méi a Pabeier Format areechen?

Wei geet et weider mat FAGE a ween bezillt am Endeffekt Rechnung?

Déi staatlech garantéiert Prêten fir Betriber a Coronazäiten ze ënnerstëtzen mussen no 6 Joer zréckbezuelt gi sinn. Dat kann awer wéinst de laangfristegen Auswierkungen vun der Kris problematesch fir dës Betriber ginn. Ass et méiglech dës Limitt vun 6 Joer eropzesetzen ?

E Syndicat fir eng Coproprietéit gëtt vun der Generalversammlung fir eng Period vu maximal 3 Joer gewielt. Vill Syndicaten probéieren dës awer ze ëmgoen a maachen der Coproprietéit et schwéier hinne ze kënnegen. Wat gedenkt d’Regierung hei ze ënnerhuelen ?

Am Fall wou e vulnerabelt Kand an den Homeschooling gesat gëtt, kënnen d’Elteren weiderhin vum Congé pour raisons familiales profitéieren?

Stellen d‘Beamten hei zu Lëtzebuerg eng Augmentatioun vum Konsum vun Drogen aus dem Darknet fest? Wei eng Moyen’en huet d‘Police, d‘Douane an d‘Justiz fir dem Trafic aus dem Darknet entgéint ze wierken?

Wéini wäert den Minister eng Waasserstoffstrategie fir Lëtzebuerg virstellen? Wäert sech Lëtzebuerg an dësem Kontext un europäeschen Projeten bedeelegen?

Verschlechterung vun den Aarbechtskonditioune vum edukativen a psychosoziale Personal : Wéi reagéiert de Ministère op d’Fuerderunge vun de Gewerkschaften?