Wat gëtt gemaach fir de Retard bei de Kanner duerch den Homeschooling kleng ze halen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Educatiounsminister, den Här Claude Meisch, weiderzeleeden.

A senger Pressekonferenz vum 4. Februar 2021 huet de Minister ugekënnegt, datt d’Grondschoulen vum Méindeg, 8. Februar, un nees op den Distanzunterrecht iwwerginn. Als Ursaach fir seng Decisioun huet hien eng onerwaarten a rasant Croissance vum Covid-19-Virus besonnesch bei de Kanner, Jugendlechen a jonken Erwuessenen – vun null bis 19 Joer – genannt.

Virum Hannergrond vun dëser Evolutioun wéilt ech folgend Froen un d’Regierung stellen :

  • Wéi eng Mesuren huet den Educatiounsministère en Place gesat, fir ze garantéieren, dass all Kand Accès zum Distanzunterrecht huet ?
  • Wat sinn d’Consignen vum Ministère un de Corps enseignant, déi garantéieren, dass all Kand déi selwecht Qualitéit a Quantitéit vun Distanzunterrecht kritt ?
  • Wéi gëtt séchergestallt, dass all Kand déi noutwendeg technesch Ausrüstung (Internetaccès, Hardware a Software) zur Hand huet, fir den Distanzunterrecht ze suivéieren an aktiv drun deelzehuelen ?
  • A wéi engem Mooss huet de repetitiven Iwwergang vum Präsenz- zum Distanzunterrecht Repercussiounen op d’Orientéierungsprozedur fir d’Schüler vum Cycle 4.2 ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Députéiert

Zréck