Ass zu Lëtzebuerg virgesinn COVID-Spaut-Schnelltester an den Alters- a Fleegeheimer an och an de Schoulen anzesetzen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

D’Universitéit vu Léck huet am August COVID-Spaut-Schnelltester brevetéiere gelooss. Elo Ufank Januar hunn d’Fuerscher vun der belscher Universitéit annoncéiert datt, unhand vun den Erfarungen déi se mat dem Personal vun Alters- a Fleegeheemer gemaach hunn, d’Effikassitéit vun hiren Tester erwise wier.

Aus dësem Grond préift wuel am Moment déi belsche Regierung d’Asetze vun dësen Tester an de Schoulen.

Virun dësem Hannergrond géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Ass d’Regierung um Lafenden iwwer dës Schnelltester?
  • Wa jo, ass och zu Lëtzebuerg virgesinn esou Tester an den Alters- a Fleegeheimer an och an de Schoulen anzesetzen?
  • Wann nee, aus wéi enge Grënn?
  • Wa jo, ass d’Regierung schonn a Kontakt mat de Responsabele vun der Universitéit Léck fir eng evtl. Commande?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                    Claude Wiseler

Deputéiert                             Deputéierten

 

Zréck