Well verbal sexuell Belästegung am ëffentleche Raum a Form vun netubruechte Bemierkungen oder Nopäifen net strofbar ass, huet d’Police rezent recommandéiert datt Fraen Nuets net sollten eleng rausgoen. Deelt d’Regierung d’Meenung datt esou Recommandatiounen eng Abdicatioun vum Rechtsstaat sinn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden.

Well am Grand-Duché de sougenannte „Catcalling”, also verbal sexuell Belästegung am ëffentleche Raum a Form vun netubruechte Bemierkungen oder Nopäifen, am Géigesaz zu aneren Europäesche Länner wéi Frankräich, der Belsche oder Portugal, net strofbar ass, huet d’Police rezent recommandéiert datt Fraen Nuets net sollten eleng rausgoen.

Zu Lëtzebuerg mussen d’Täter réischt mat enger Strof rechnen am Fall vu Beleidegungen, Beréierungen oder Gewalt.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • War den zoustännege Minister am Virfeld iwwer dës Recommandatiounen informéiert?
  • Deelt d’Regierung d’Meenung datt esou Recommandatiounen eng Abdicatioun vum Rechtsstaat sinn?
  • Wa jo, wat gedenkt d’Regierung kuerzfristeg ze ënnerhuelen?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar                                                    Léon Gloden

Deputéierten                                                        Deputéierten

Zréck