Ass et richteg datt an den Alters- a Fleegeheemer just fest agestalltend Personal geimpft gëtt? Wa jo, firwat?

Här President,

 

Sou wéi d’ Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro d‘ Madamm Gesondheetsministesch an un d‘ Madamm Familljeministesch weiderzeleeden.

Haut goufen d’ Phasen 1 bis 6 vun der Impfcampagne virgestallt.

An dësem Kontext wëlle mir folgend Froe betreffend d‘ Impfstrategie an den Alters- a Fleegeheemer a Strukture fir handicapéiert Leit stellen:

  • Ass et richteg datt just fest agestalltend Personal geimpft gëtt? Wa jo, firwat?
  • Firwat gëtt net dat Gesamtpersonal geimpft, y compris d‘ Botzpersonal wat all Dag an den Zëmmeren ass?
  • Wéi kann esou sécher gestallt ginn dat de „ cordon sanitaire“ agehale ka ginn?
  • Gin d‘ Stagiairen an den Haiser och invitéiert sech impfen ze loossen?
  • Wéini ginn Bewunner di elo erreicht rezent nei an d‘ Haiser ageplënnert si resp. déi di demnächst eraplënneren geimpft? Gett et do e Plang?

 

Mat beschte Gréiss

 

 

 

Marc Spautz                                                                                      Martine Hansen

Deputeierten

 

Zréck