Weess d’Regierung ob momentan op EU-Niveau driwwer nogeduecht gëtt am Fall vun enger Zouloossung Impfdosen a China a Russland ze bestellen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Nodeems Russland ugekënnegt huet der EU vun Abrëll un ronn 100 Milliounen Dosen um Covid-Impfstoff Sputnik V kënnen zur Verfügung ze stellen, hunn eng Rei Länner, dorënner Däitschland ugekënnegt datt si keng Probleemer hätte Vaccine aus China a Russland anzesetzen, ënnert der Konditioun datt se vun der EU zougelooss ginn. Ungarn huet wuel scho mat China a Russland verhandelt a sech Dose geséchert.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Weess d’Regierung ob momentan op EU-Niveau driwwer nogeduecht gëtt am Fall vun enger Zouloossung Impfdosen a China a Russland ze bestellen?
  2. Wann nee, aus wéi enge Grënn?
  3. Wéi steet d’Lëtzebuerger Regierung zu dëse Vaccine?
  4. Wann d’EMA déi Vaccine unerkennt an d’EU awer net op dës Vaccine zréckgräifen well, kéint d’Regierung sech virstellen eegemächteg Dosen ze bestelle fir datt mir eis Populatioun méi séier geimpft kréien?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar                                                          Jean-Marie Halsdorf

Deputéierten                                                             Deputéierten

 

Zréck