Kann d’Regierung bestätegen datt een mam aktuellen Tracing net genau feststelle kann wou d’Leit sech konkret infizéiert hunn ? Wa jo, u wat läit dat an wat ënnerhellt d’Regierung vir den Tracing méi effizient ze maachen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister vir Gesondheet weider ze leeden.

Et schéngt ewéi wann een mam aktuellen Tracing net genau feststelle kann wou d’Leit sech konkret infizéiert hunn. D’Madamm Minister hat annoncéiert datt een neien Questionnaire fir den Tracing géif ausgeschafft ginn.

Vu datt en effizienten Tracing d’Schlësselelement fir d’Pandemie an de Grëff ze kréien duerstellt wëlle mir folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung bestätegen datt een mam aktuellen Tracing net genau feststelle kann wou d’Leit sech konkret infizéiert hunn ?
    • Wa jo, u wat läit dat an wat ënnerhellt d’Regierung vir den Tracing méi effizient ze maachen ?
    • Wa nee, kann d’Regierung eis Donnéeë ginn wou d’Leit sech ugestach hunn ?
  • Kann d’Regierung eis dëse Questionnaire zoukomme loossen ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

 

 

 

 

Claude Wiseler

Deputéierten

Zréck