Wéi eng Strofe riskéieren Associatiounen, déi, opgrond vun engem onklore gesetzleche Kader, falsch Indikatiounen maachen betreffend de Bénéficiaire effectif ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro un d’Madame Justizministesch weiderzeleeden.

 

Den LBR, de Lëtzebuerger Regëster fir déi wirtschaftlech Bénéficiaires, steet scho méi laang am Fokus vun den ëffentlechen Diskussiounen. Ëmmer rëm war ze liesen, dass sech eng ganz Partie Entitéiten net géifen un déi gesetzlech Bestëmmungen halen. Dorënner och Asbl‘en, wou a ville Fäll Benevoller, aner Suergen hunn, wéi administrativen Tätegkeeten nozegoen.

 

Nodeems d’Madamm Justizministesch den 11. Dezember 2019 am Chamberplenum deklaréiert huet:

 

„Mir ginn dem Parquet déi ganz Lëscht weider, well et ass jo net un ons – also un ons, um LBR -, fir eng Selektioun ze maache vun deenen Dossieren, déi solle poursuivéiert ginn oder net.“

 

gi mëttlerweil déi éischt Sommatiounen vu Säiten vum Parquet bei den Asbl’en an, wou och drop higewise gëtt, dass déi betraffen Associatiounen eng Amende vu bis zu 1,25 Milliounen Euro riskéieren.

 

Mir ass, an dësem Kontext, och zougedroe ginn, dass de Site vum LBR net ëmmer fonctionéiert respektiv Informatiounen verluer ginn.

 

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen :

 

  • Huet d’Madamm Justizministesch Kenntnis iwwer eventuell Problemer mam Site vum LBR?

 

  • Kann d’Madamm Justizministesch mir soen, wéi vill Entitéiten nach ëmmer net „en règle“ sinn, opgeschlësselt no der Forme juridique vun de concernéierten Entitéiten (Asbl etc.)?

 

  • Ass d’Madamm Justizministesch weiderhin der Meenung, dass d’Asbl‘en genuch sensibiliséiert goufen?

 

 

  • Ass d’Madamm Justizministesch der Meenung, dass d’Gesetz am Bezuch op d’Ermëttlung vum Bénéficiaire effectif kloer genuch ass?

 

  • Wéi eng Strofe riskéieren Associatiounen, déi, opgrond vun engem onklore gesetzleche Kader, falsch Indikatiounen maachen betreffend de Bénéficiaire effectif ?

 

  • Eng strofrechtlech Verurteelung setzt déi net, opgrong vum Prinzip vun der „légalité des peines“, e klore gesetzleche Kader viraus?

 

  • Wéi bewäert d’Madamm Justizministesch d’Proportionalitéit vun de Strofen am Fall vun den Asbl‘en?

 

  • Ass d’Madamm Justizministesch net der Meenung, dass eng Amende vun minimum 1250 Euro fir eng Asbl vill Sue sinn, och virum Hannergrond vun der aktueller Pandemie?

 

  • Sollt eng Asbl net „à même“ sinn fir dës Strof ze bezuelen, wie gëtt an deem Fall haftbar gemaach?

Mat déifstem Respekt,

Paul Galles
Deputéierten

Zréck