Wat sinn d’Grënn, déi elo zu der Decisioun gefouert hunn, de Projet vun engem Contournement fir Réimech, deen zanter ronn 20 Joer vun der Réimecher Leit gefuerdert gëtt, ad Acta ze leeën ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro zur Verkéierssituatioun am Zentrum vu Réimech un den Här François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, weiderzeleeden.

An engem Artikel am « Luxemburger Wort » vum 3. Februar ass ze liesen, datt op Säite vum Mobilitéitsministère Enn 2020 gesot gouf, et geséich ee keng Noutwendegkeet fir e Contournement ronderëm Réimech – mam Argument, mat der Saarautobunn hätt Réimech schonn eng Umgehungsstrooss. An deem Artikel steet och geschriwwen, datt ganz vill Frontalieren, virun allem där aus dem däitsche Grenzgebitt, awer guer net iwwer d’Saarautobunn fueren, mee direkt de Wee iwwer Réimech huelen, well se sech esou net dem Risiko aussetzen, op der Diddelenger Autobunn an e Stau ze geroden.

Virum Hannergrond, dass op de Wochendeeg (laut enger Etüd am Optrag vum Mobilitéitsministère vu viru véier Joer) 13800 Gefierer den Dag zu Réimech duerch d’Route de l’Europe / Rue Enz / Rue du Pont (N2/E29) – 42 Prozent dovun Duerchgangsverkéier – fueren, erlaben ech mir, folgend Froen un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten ze stellen :

  • Wat sinn d’Grënn, déi elo zu der Decisioun gefouert hunn, de Projet vun engem Contournement fir Réimech, deen zanter ronn 20 Joer vun der Réimecher Leit gefuerdert gëtt, ad Acta ze leeën ?
  • Wat sinn d’Alternativen vun der Regierung, fir den Zentrum vu Réimech vum Trafic ze entlaaschten an esou fir méi Liewensqualitéit fir d’Awunner ze suergen ?
  • Wéi soll de Camionstrafic an Zukunft an a ronderëm Réimech geréiert ginn ? Wat ass an deem Kontext virgesinn mat der Autobunnsopfaart Schengen, déi bis elo muss vun de Camionneuren evitéiert ginn, wat de ganze Schwéierverkéier a Richtung Réimech drainéiert ?
  • Wärend geplangt ass, d’Route du Vin zu Réimech bei der Esplanade zréckzebauen an esou méi Raum fir Foussgänger a Mobilité douce ze schafen, stellt sech d’Fro no vergläichbare Mesuren fir d’N2/E29 aus Richtung Bous. Wëssend, datt den Här Minister mengen Informatiounen no de Gemengeresponsabelen an Aussiicht gestallt hat, datt d‘Route de l‘Europe géif zréckgebaut ginn, wann den Echangeur Hellange bis fäerdeg wier.

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen,

 

Léon Gloden

Députéierten

 

Zréck