Questions parlementaires

Wéi vill Patienten déi zu Lëtzebuerg wéinst Covid-19 hospitaliséiert goufen missten an d’Ausland transferéiert ginn ?

Gedenkt d’Regierung eventuell drun fir d’Spekulatiounsfrist vun 2 Joer tëscht Kaf a Verkaf vun Immobiliëobjeten ze verkierzen oder ofzeschafen esou wei se am Artikel 99bis LIR virgesinn ass? Vu wei enge steierleche Moossname kann een an dësem Kontext profitéieren?

Aus wéi enge Grënn ass den Délai de Rembourgsement vun der CNS nach ëmmer tëscht 6 an 8 Wochen ?

Stëmmt et datt Patienten déi Covid positiv sinn an dann eng Invitatioun fir hir Covid-Impfung kréien, oft ënnerschiddlech Informatioune vun hiren Doktere an op der Santé-Hotline kréien ?

Wéi wäerten d’Schnelltester agesat ginn fir no an no weider Ouverturen ze erméiglechen ?

Wéi sollen d’Schnelltester fir selwer ze maachen an Zukunft an de Strukture fir eeler a vulnerabel Leit agesat ginn?

Wat sinn d’Grënn dofir, datt d’Regierung d’Projeten Contournement Ettelbréck – Feulen, respektiv Feulen – Heiderscheid, net als prioritär am Plan sectorial “transport” jugéiert huet ?

Wéi vill gratis Schnelltester fir selwer ze maache kréien d’Leit zur Verfügung gestallt a wou sollen d’Leit an Zukunft dës Schnelltester maachen?

Virum Hannergrond vun der aktueller sanitärer Kris, mengt d’Regierung net datt et evident ass vir d’réserve sanitaire, zu där d’médécins-vétérinaires gehéieren, zu all Moment asazbereet ze halen, an dës an deem Sënn prioritär ze impfen ?

D’Vereenegt Staaten schwätzen dovun e minimale Steiersaz vun 28% fir Betriber anzeféieren. Mat wéi engem Taux wier eis Regierung zefridden ?